Serie Atomenergie (Deel 4)Géigner vu gëschter nach ëmmer géint d'Pläng vun haut

RTL Lëtzebuerg
Am leschten Deel vun eiser Serie hu mir mat der éischter Generatioun vu Lëtzebuerger Atomkraaftgéigner iwwert d’Pläng vun haut geschwat.
Serie Atomenergie (Deel 4): Géigner vu gëschter nach ëmmer géint aktuell Pläng
Am leschten Deel vun eiser Serie hu mir mat der éischter Generatioun vu Lëtzebuerger Atomkraaftgéigner iwwert d’Pläng vun haut geschwat.

An 10 EU-Member-Länner gëtt den Ament iwwert den Ausbau vun der Atomenergie diskutéiert. Nei Reaktere si geplangt oder schonns am Bau. Mat Ausnam vu Frankräich, Holland a Schweden sinn et virop osteuropäesch Staaten, déi an dëser Technologie eng Zukunft gesinn.

Eng Partei Länner gesinn d’Atomenergie als ëmweltfrëndlech Alternativ zu de fossillen Energien oder als Transitioun-Technologie. Frankräich huet annoncéiert, kleng Reakteren ze bauen. Datt elo d’Atomenergie eng Renaissance erlieft, beonrouegt de Physiker Claude Wehenkel.

“Och déi nei Atomreaktere vum Typ 4 léisen net de Problem vun der Endlagerung”, seet Théid Faber, fréiere President vum Mouvement Ecologique. “A si léise schlussendlech och net e Problem vun der Sécherheet.” Atomenergie ass haut esou problematesch wéi viru 50 Joer, esou den Théid Faber weider.

Zenter de 50ger Jore gëtt ewell un enger weiderer Technologie gefuerscht an déi grouss Hoffnunge gesat ginn: D’Kernfusioun.

Och dës Technologie wär de Moment keng wierklech Alternativ, seet de Roger Spautz vu Greenpeace: “Do gëtt scho laang dru gefuerscht, et si vill Gelder, et si vill Suen an dee Beräich gefloss, et ass ëmmer nach kee Resultat do. Do wäerten och an deenen nächsten 10, 20, 30 oder 40 Joer, souguer 50 Joer, keng Resultater do sinn, soudass een dat elo kéint am grousse Stil asetzen, fir Energie ze produzéieren.”

Lëtzebuerg jiddefalls wëll weider op erneierbar Energië setzen. Ma esoulaang d’Atomenergie an eisen Nopeschlänner en Thema ass, wäert déi ëmstridden Technologie och d’Lëtzebuerger beschäftegen.

Serie Atomenergie (Deel 1): Et goufen Iwwerleeungen, eng Atomzentral op d’Musel ze kréien
Serie Atomenergie (Deel 2): Atomkraaft-Géigner verhënneren de Projet Rëmerschen
Serie Atomenergie (Deel 3): Lëtzebuerg protestéiert géint Cattenom

Back to Top
CIM LOGO