Aus dem PolicebulletinGeklauten Auto gouf fonnt an Alkohol um Steier

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg konnt d'Police en Auto zu Rëmerschen fannen, deen an Däitschland geklaut gi war an huet zwee alkoholiséiert Chauffere protokolléiert.
© RTL

Am fréie Mëtteg gouf d’Police vun hiren däitsche Kolleegen informéiert, datt den Auto, deen an Däitschland geklaut gi war, bei enger Tankstell zu Rëmerschen konnt lokaliséiert ginn. Esouwuel den Auto wéi och de Chauffer waren nach op der Plaz, wéi d’Police ukomm ass. Weider konnt d’Police am Auto eng Feil, e Briecheisen an eng Titche Methamphetamin fannen. Op Uerder vum Parquet gouf de Chauffer protokolléiert an den Auto saiséiert.

Zu engem weidere Virfall koum et e Sonndegnomëtteg, wéi der Police en Auto gemellt gouf, deen a Richtung Nidderkäerjeng ënnerwee war a seng Spuer net gehalen huet. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv an de Mann krut e Protokoll.

An e Sonndegowend war d’Police wéinst engem Auto op der N15 am Pommerlach geruff ginn, dee wéinst senger geféierlecher Fuerweis opgefall ass. Op enger Tankstell konnt d’Police de Chauffer a säi beschiedegten Auto lokaliséieren. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Chauffer krut e provisorescht Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO