Dikrecher FriddensgeriichtGeldstrof fir Fra, déi a Corona-Zäiten ënnerwee war

RTL Lëtzebuerg
Zu enger Geldstrof vun 150€ gouf en Dënschdeg eng Fra um verurteelt, déi am Abrëll mam Auto bei eng Frëndin gefuer war, wat se net hätt dierfen.

An hirem Prozess hat d'Fra gesot si hätt "Corona bis uewenhi" gehat an der handicapéierter Frëndin Saachen heemgefouert, wär do hänke bliwwen an dono an eng Kontroll geroden. Wuel hätt d'Fra kënnen akafe goen, net awer bei der Frëndin hänke bleiwen. Genee dat hätt si awer an Zäite vu "Bleift doheem" gemaach, hat de Vertrieder vum Parquet argumentéiert.

Back to Top
CIM LOGO