"Zuchverbindunge musse verbessert ginn"Gemeinsaamt Schreiwes vu Stad Lëtzebuerg, Stroossbuerg a Bréissel
Déi 3 Stied, an deenen d'EU-Institutiounen doheem sinn, Bréissel Stroossbuerg an d'Stad Lëtzebuerg, wëlle mat hirer enker Zesummenaarbecht weiderfueren.
Verëffentlecht: 11.06.24 14:33, Update: 09.12.25 15:02
Dat deele si an engem gemeinsame Communiqué no den Europawale mat. D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer hieft doran d'Accessibilitéit tëscht den dräi Stied ervir. Virun allem d'Zuchverbindunge misste verbessert ginn.