ËmweltkommissiounGemeinsamen Nenner bei 4 Motiounen iwwert d'Klimakris fonnt

Claudia Kollwelter
4 Motiounen, déi sech mat der Klimakris beschäftegen, waren e Mëttwoch Sujet an der Ëmweltkommissioun an der Chamber.
© AFP (Archiv)

Gemeinsamen Nenner bei 4 Motiounen iwwert d’Klimakris fonnt / Rep. C. Kollwelter

Fir déi véier Motioune gouf versicht, eng Unanimitéit ze fannen. D’Motioune goufen am Kader vun enger Aktualitéitsstonn am Dezember iwwert d’Resultater vun der COP28 deposéiert, erkläert den CSV-Deputéierte Paul Galles:

“Dunn ass gesot ginn, datt et eigentlech interessant wier, aus 4 Motiounen eng ze maachen. Wou een als Chamber unanime dohannert steet. Et war also manner den Inhalt, dee kontrovers diskutéiert gouf, mee méi d’Fro, ob een eppes zesumme ka féieren. Um Enn hu mer decidéiert, datt mer respektéieren, datt et 4 verschidde Motioune sinn a mer probéieren, all Motioun esou ze änneren, datt jiddereen dohannert steet an dat ass eis gelongen.”

D’Motioun vum Paul Galles fuerdert zum Beispill, datt den integréierten Energie- a Klimaplang, de PNEC weider vun der Regierung ëmgesat gëtt. Déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring huet an hirer Motioun verlaangt, datt ee relativ zäitno vun der Regierung informéiert gëtt, wou konkret Mesuren aus dem Energie- a Klimaplang dru sinn:

“Mir mussen déi heite Regierung motivéieren, déi néideg Vitess bäizebehalen. Mat klengen Ännerunge gouf déi Motioun ugeholl, wat mech freet.”

De Franz Fayot hat zwou Motiounen deposéiert. An enger geet et ëm en Engagement fir eng intergenerationell Klimagerechtegkeet. Déi zweet fuerdert eng séier Transitioun vun der Lëtzebuerger Finanzplaz hin zu Finanzementer, déi konform mat de Klimaobjektiver sinn. De President vun der Ëmweltkommissioun Christophe Hansen huet betount, datt een dat op europäeschen Niveau misst hiewen.

“Mir wëssen, datt mer net an enger Bull sinn. Quitt datt mer bei de grénge Finanze ganz vir sinn a staark sinn, muss d’Regierung sech asetzen, datt op europäeschem Niveau méi staark op nohalteg Finanze gesat gëtt.”

En Donneschdeg de Mëtteg gëtt iwwerdeems an der Chamber iwwert dat neit Klimagesetz ofgestëmmt.

Back to Top
CIM LOGO