Esouwuel Hobbygäertner ewéi professionell Gäertner sinn nawell geplot mat deene klenge verfroossenen Déiercher. Grond dofir ass dee mëlle Wanter an dat verreente Fréijoer. Dëst bitt de Schleeken nämlech en ideaalt Ëmfeld.
Ronn ee Véierel vun de Geméis-Planzen ass vun der Schleeke-Plo betraff, schätzt de Matgrënner a Gäertner vun der Cooperative Terra, Pit Reichert. Choufleur gëtt et hei dëst Fréijoer iwwerhaapt keen. Deen hunn d’Schleeken nämlech schonn zwee Mol ganz gefriess. D’Courgetten a Kürbisse konnten nach eng Kéier nei geplanzt ginn. Allgemeng loossen déi kleng Gourmete sech et gutt schmaachen.
“Déi plakeg Schleeken hunn am léifste jonk, frësch Planzen, déi nach net esou staark sinn”, erkläert de Pit Reichert. “Déi mat den Haisercher hu mir am Fong léiwer, well déi friessen éischter ofgestuerwe Planzendeeler”.
Fir deene ville Schleeke Meeschter ze ginn, setzt ee bei Terra op eng aner Zort Déieren, an zwar op Lafinten. “Déi sinn de ganzen Dag dobaussen, soulaang mir hei sinn an déi picken dann d’Schleeken doruechter.” Aktuell wunnen um Eecherfeld 9 där Inten. De Pit Reichert schätzt, dass een der dëst Joer esouguer duebel esouvill sat kréich. “Mä da wësse mir net, wat mir nächst Joer mat hinne solle maachen, wa manner Schleeken do sinn – hoffentlech.”
Dowéinst muss eng éischte Kéier an 9 Joer mat Schleekegëft nogehollef ginn. Natierlech just mat Mëttel, déi konform si mat der Bio-Landwirtschaft. Och wann Terra eng Cooperative ass, déi vun hire Membere finanzéiert gëtt, hunn d’Schleeken e wirtschaftlechen Impakt.
Wa verschidde Geméiszorten zum Deel oder ganz ausfalen, kréien d’Membere manner ënnerschiddlech Zorten an hirem Geméiskuerf all Woch. An dat kéint der Attraktivitéit vun der Offer schueden, gëtt de Matgrënner vun Terra ze bedenken.
Wéinst dem ville Reen kann dann och manner oder eréischt méi spéit geséint ginn, wat alt erëm zu manner Recolte féiert. Derbäi kënnt de Risiko vun enger Rei Krankheeten.
Doheem am Gaart réit de Pit Reichert nach, d’Onkraut ronderëm d’Geméis ewechzehuelen, well et do drënner nach méi laang fiicht bleift, an d’Déiercher sech gären dorënner verstoppen. Ronderëm de Geméisgaart soll een de Wuess op d’mannst ee Meter kuerz halen an eng hëlze Plack ausleeën, ënnert där sech d’Schleeke gäre verstoppen, an déi dann all Dag eng Kéier eidel maachen an d’Schleeken entsuergen.
De Pit Reichert a seng Ekipp hoffen elo op e bësse méi dréchen Deeg. Dann ass och d’Aarbecht am Feld méi agreabel.