Petite Marquise zu IechternachGemeng a Kulturministère ginn no Sträit openeen duer

Marc Hoscheid
Viru 6 Joer gouf zu Iechternach ugefaangen d'Petite marquise ofzerappen. Ma zanter 2020 ass um Chantier net méi ganz vill geschitt.
© Marc Hoscheid

Dat, well d’Iwwerreschter vun engem Härenhaus aus dem 6. Joerhonnert no Christus fonnt goufen. An deene leschte Joren hunn d’Gemeng an de Kulturministère doriwwer gestridden, wéi een d’Trouvaille, déi ënnert Denkmalschutz steet, an de Projet integréiere soll. Ma elo ass ee Kompromëss fonnt.

Beweegung am Dossier Petite Marquise zu Iechternach (Reportage Marc Hoscheid)

Wunnengen, Restauratioun, den Tourist Info an eng Multimediashow, fir déi architektonesch Iwwerreschter en Valeur ze setzen, esou stellt sech d’Gemeng Iechternach d’Zukunft vun der Petite marquise vir. De Kulturministère géing iwwerdeems amplaz vun der Multimediashow am léifsten eng Zort Musée amenagéieren. D’Gemeng ass awer net waarm fir déi Iddi, well da méi Personal gebraucht géing ginn. Der Iechternacher Buergermeeschtesch Carole Hartmann no hätt een elo een Tëschewee fonnt.

“Mir gi lo op de Wee, datt mer een Appel à candidature wëlle maachen, wou zesumme mat Architekten, Archeologen, dat kann och ee Konsortium aus deenen zwee sinn, wëllen een Avant-projet sommaire ausschaffen. Wou am Fong déi zwou Varianten mat ugeduecht ginn, fir datt mer da kënnen als Maître d’ouvrage herno decidéieren, och mat wéi enger Ënnerstëtzung vum Kulturministère, wéi ee Projet mer an Zukunft wëlle realiséieren.”

An der Vergaangenheet huet d’Gemeng 5 Milliounen Euro als Indemnisatioun vum Kulturministère gefuerdert. Aktuell wier een a Gespréicher a si duerchaus optimistesch, datt ee geschwënn eng Léisung fanne wäert, esou d’Carole Hartmann. Mat Bléck op d’Wunnengen, déi Deel vum Projet solle ginn, huet d’Gemeng iwwerdeems eng nei Iddi.

“Wat mir als Gemeng op deem Site gutt géinge gesinn a wat och een touristeschen Attrait wier, dat ass, datt mer och eng Rei Chambres insolites hätten. Lo mat dem Fundus, deen um Site opkomm ass, datt ee sech effektiv och kéint iwwerleeën, fir zesummen an enger Kollaboratioun mam Tourismusministère, och eng Rei Chambres de logement insolite do ze kreéieren, wat dann och een touristeschen Attrait wier, niewent dem Tourist Info, dee mir als Gemeng och ganz gären op deem Site géife gesinn.”

Ob och Sozialwunnengen an de Projet integréiert ginn, misst ee kucken, initial ware keng geplangt. Bis den Appel à candidature ofgeschloss ass, kéint et ee gutt Joer daueren. De Käschtepunkt vum Projet wier Stand lo schwéier ze chiffréieren, dierft awer bei op mannst 14 Milliounen Euro leien.

Back to Top
CIM LOGO