
Deen Dag gouf d’Populatioun vun der Gemeng no méi wéi véier Joer duerch d’Amerikaner vun der däitscher Besatzung befreit.
D’Gemeng feiert dësen historeschen Datum vum 80. Anniversaire vun der Liberatioun de Weekend vum 13. bis de 15. September, dat mat engem diverse Programm. Lancéiert gëtt de Weekend mat enger Virstellung vum Dokumentarfilm “The Ghost Army - Operation Bettembourg”, dat a Presenz vum US-amerikanesche Realisateur Rick Beyer.
E Samschdeg gëtt et zu Beetebuerg nieft engem Cortège dann och nach déi sougenannten “Liberation Party”, bei där tëscht 11 a 17 Auer “à l’américaine” gefeiert gëtt. Versprach ginn nieft Iessstänn och nach weider Attraktiounen, eng Expo an eng Rei Militärween aus der Zäit.
E Sonndeg ginn d’Festivitéiten da ma engem Concert vun der Militärmusek op en Enn. De ganze Programm fannt Dir och hei an der Iwwersiicht.