Grousse WaasserschuedGemeng Jonglënster lancéiert Zeienopruff wéinst Vandalismus

RTL Lëtzebuerg
Op de soziale Medien huet d'Gemeng Jonglënster en Zeienopruff lancéiert, dat wéinst engem Fall vu Vandalismus.
© Gemeng Jonglënster

An der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg hu sech Onéierlecher Zougang zum neie Wunnkomplex “Fagus” an der JongMëtt zu Jonglënster verschaf a fir e grousse Waasserschued gesuergt.”, schreift d’Gemeng Jonglënster op Facebook.

Opgrond vun dësem Schued wäerten d’Wunnengen, déi bal fäerdeg waren, fir méi eng laang Zäit net bewunnbar sinn.

Wien eppes an der genannter Nuecht tëscht 18 Auer owes a 6 Auer moies am Zentrum vu Lënster gesinn huet, soll sech bei der Police mellen.

Back to Top
CIM LOGO