Nei Aktivitéitszone ZamidGemeng Miersch fillt sech ausgebremst

Marc Hoscheid
An deenen nächsten 10 bis 15 Jore solle bal 2.500 Awunner bäikommen, ma bei den Aarbechtsplaze geet et net richteg virun.
© Marc Hoscheid

D’Gemeng Miersch ass an deene leschte Jore massiv gewuess an huet mëttlerweil iwwert 10.000 Awunner. Miersch selwer huet der ronn 5.000. Op Gemengenniveau sollen der an deenen nächsten 10 bis 15 Joer nach eng Kéier bal 2.500 derbäi kommen. Am Fong soll eng geplangte grouss Aktivitéitszone och vill nei Aarbechtsplazen op Miersch bréngen, ma et gëtt ee vun den administrative Prozeduren ausgebremst.

Miersch wëllt weider massiv wuessen

35 Betriber an 1.200 Aarbechtsplazen op 25 Hektar, dat sinn d’Eck-Donnéeë vun der “Zone d’activités économiques régionale Mierscherdall”, kuerz Zamid, déi d’Gemenge Miersch, Lëntgen a Luerenzweiler zesummen um Mierscherbierg realiséiere wëllen. Schonn zanter 10 Joer gëtt um Projet geschafft, zwou Milliounen Euro goufe bis ewell an Etüden investéiert an 850.000 Euro a Kompensatiounsmesuren. Ma um Terrain ass bis elo awer nach quasi näischt ze gesinn.

Tëscht dem Ponts et chaussées-Gebai an der aktueller Aktivitéitszone soll den Zamid entstoen.
Tëscht dem Ponts et chaussées-Gebai an der aktueller Aktivitéitszone soll den Zamid entstoen.
© Marc Hoscheid

Een Ëmstand, deen de Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe net novollzéie kann.

“Et kann ee jo Gedold hunn, et kann ee jo Loscht hunn, mir als Buergermeeschteren oder Schäfferéit, zesumme mat de Kolleege vu Lëntgen a Luerenzweiler, maache mer Politik, fir datt d’Gemengen an d’Betriber weiderkommen. Datt et eise Bierger gutt geet, datt se eng Aarbechtsplaz fannen, datt se kënne gutt wunne goen an datt se an der Natur kënne sinn. Mee wann een da sou ee Projet op d’Been setze wëllt an et kuckt een 10 Joer dono wou ee steet, wat een nach alles muss maachen, do kann een nëmmen de Kapp rëselen.”

Hie kritiséiert, datt d’Kommunikatioun tëscht deene verschiddene Ministère respektiv Administratiounen net ëmmer déi bescht wier. Och wieren d’Reegele bei de Kompensatiounsmesuren net wierklech logesch.

De Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe.
De Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe.
© Marc Hoscheid

Sou hätten eng sëllege Beem musse geplanzt ginn, obwuel de Projet op landwirtschaftlechen Terraine entstoe wäert. Wat d’Energieversuergung ugeet, soll den Zamid iwwerdeems Pionéiercharakter hunn.

“Mir hunn de Sidero ënnen, wou d’Kläranlag ass an do gëtt d’Waasser mat 11 Grad rëm an d’Uelzecht gehäit, dat propper traitéiert ass. Ma idealerweis wieren et siwe Grad. Dat heescht, mir bauen do Pompelen a Leitungen, déi op den Zamid eropdrécken, fir dann déi véier Grad ze benotzen fir d’Hëtzt vun all deene Gebaier, déi do gebaut ginn.”

Et ass zudeem virgesinn, datt op all Daach Photovoltaikanlage kommen, an déi alleguerte vun där selwechter Firma. Dee Stroum soll dann ënnert anerem och genotzt ginn, fir der Busentreprise Sales Lentz ze erméiglechen, hir ronn 100 Gefierer zu engem kompetitive Präis ze lueden. Doriwwer eraus solle grouss Batterien et erlaben, Stroum ze späicheren. Ma bis et sou wäit ass, dierft et awer nach eng Zäitchen daueren.

Ma dat ass net deen eenzege grousse Chantier, deen zu Miersch usteet. Direkt vis-à-vis vum Zamid wäert zum Beispill een neie Sportkomplex entstoen. Op engem Areal vun néng Hektar sollen all d’Sportinfrastrukture vun der Gemeng zesummegeluecht ginn. Dozou gehéieren de Fussball, de Basket, den Handball, den Tennis, de Judo, den Turn- an de Klammveräin. Een Architekteconcours ass amgaangen, aktuell sinn nach dräi Büroen an der Course.

Deen aktuelle Fussballsterrain am Zentrum vu Miersch.
Deen aktuelle Fussballsterrain am Zentrum vu Miersch.
© Marc Hoscheid

Et ass allerdéngs ze héieren, datt et Problemer mam Projet gëtt, well um Site eng Quell entspréngt.

Wuel och well Miersch am Zentrum vum Land läit, ginn an der Gemeng dacks Kongresser organiséiert. Aktuell ass dat dacks am Kulturhaus de Fall. Well hei awer esou lues d’Belaaschtungsgrenz erreecht ass, gëtt ee Kongresszenter mat engem fixen Auditoire mat 200 bis 250 Plaze, dobäi komme weider Säll, gebaut. Och eng nei Primärschoul an dat sougenannte Lieshaus, wou d’Archiven ënnerkomme wäerten, sinn am Bau.

Déi nei Primärschoul entsteet direkt nieft der Gemeng.
Déi nei Primärschoul entsteet direkt nieft der Gemeng.
© Marc Hoscheid

De 4. Mee, um Dag vum hellege Florian, ënnert anerem de Patréiner vun de Pompjeeën, gëtt iwwerdeems zu Méischdref ee Pompjeesmusée ageweit.

Wat d’Käschten ugeet, fale fir d’Lieshaus 15 Milliounen Euro, fir d’Konferenzzentrum 30 Milliounen Euro, fir de Sportkomplex 120 Milliounen Euro, fir den Zamid, deen och vu Lëntgen a Luerenzweiler matfinanzéiert gëtt, 70 Milliounen Euro, fir d’Schoul 60 Milliounen Euro a fir de Pompjeesmusée 1,5 Milliounen Euro un. Aktuell huet d’Gemeng Miersch “nëmmen” 5 Milliounen Euro Schold. Ouni Prête wier de Finanzement awer net méiglech.

Back to Top
CIM LOGO