MonnerechGemenge-Conseiller Steven Curfs verléisst d'Piratepartei

RTL Lëtzebuerg
An der Piratepartei schéngt ee sech weiderhin net eens ze sinn.
© RTL-Archiv

E Samschdeg huet de Monnerecher Gemenge-Conseiller Steven Curfs d’Partei eegener Ausso no verlooss, dat mellen ënner anerem d’Wort an de Radio 100,7. Genee Ursaache ginn net genannt, ma de Curfs seet deemno an engem Schreiwes, hie wier net d’Accord mat der Aart a Weis, wéi d’Partei verwalt a gefouert gëtt.

Eréischt virun e puer Wochen hat den Nord-Deputéierte Ben Polidori jo d’Pirate verlooss, wat dann och zu weiderem Sträit tëscht den zwee aneren Deputéierte Sven Clement a Marc Goergen gefouert hat. Zu Monnerech gëtt et aktuell eng CSV-DP Koalitioun.

Back to Top
CIM LOGO