Kommunalen DotatiounsfongGemengefinanze vu 96 Gemenge leiden ënner FDC-Reform

Roy Grotz
Déi 100 Gemengen am Land stelle sech fir 2025 op eng adaptéiert Berechnungsformel fir d'Suen an, déi aus dem kommunalen Dotatiounsfong vum Staat kommen.

Dëst no Aussoe vum Inneminister Gloden, deem no d’Contributiounen un d’Landesplanungsbestëmmunge (PDAT) vun zejoert sollen ugepasst ginn.

Well nämlech de Krittär vun der “Population ajustée” fir 4 Gemenge changéiert gëtt an dës Gemenge méi aus dem FDC kréien, solle 96 aner Gemenge manner Sue kréien - méi an d’Keese kréie Munneref (5%) an och d’Nordstad Gemengen Ettelbréck, Dikrech an Ierpeldeng (25%).

Wann een d’Berechnung géif op d’Ofschlosskonte vum Joer 2022 maachen, wieren dëst zum Beispill e Plus vun 1,8 Millioune fir Dikrech, 2,4 Millioune méi fir Ettelbréck an 700.000 Euro fir d’Munnerefer Gemengekeesen.

Wéi gesot, géifen déi 96 aner Gemengen alleguer méi schlecht ewechkommen, wann d’Reform via d’Budgetsgesetz 2025 sollt spillen: Fir d’Stad wier et potentiell e Minus vu ronn enger Millioun, fir Esch vun 250.000 Euro a fir Déifferdeng vun 161.000 Euro.

Zesumme mam Ministerkolleeg Roth wëll de Léon Gloden awer de Gemenge partiell Kompensatiounen zoukomme loossen, déi den Ausfall bis zu engem Drëttel decke sollen.

Den LSAP-Gemengeforum steet der ugestriefter Reform kritesch géintiwwer a fuerdert eng komplett staatlech Kompensatioun vun de Verloschter vun alle benodeelegte Gemengen.

D’Froen zur Reform hat den Diddelenger LSAP-Deputé-Maire Dan Biancalana via parlamentaresch Fro un den Inneminister adresséiert.

Back to Top
CIM LOGO