Ofstëmmung zu BettenduerfGemengerot schwätzt sech géint d'Nordstadfusioun aus

RTL Lëtzebuerg
Zu Bettenduerf gouf e Mëttwoch am Gemengerot doriwwer ofgestëmmt, ob een nach un den Diskussioune fir eng Nordstadfusioun deelhuele wëllt, oder net.
© Marc Hoscheid / RTL

Um Enn gouf mat 7 zu 4 Stëmmen decidéiert, eng Fusioun net weider ze verfollegen. Domadder bleiwe mat Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren nach véier Gemengen iwwreg.

Gemengerot Bettenduerf seet “Nee” zur Nordstadfusioun (Reportage Marc Hoscheid)

Fir ee Weiderféiere vun de Gespréicher iwwert eng Nordstadfusioun gestëmmt hunn den Albert Back, d’Simone Hoffmann, de Buergermeeschter Patrick Mergen an d’Suzette Serres. Dogéint gestëmmt hunn de Schäffen Andy Derneden, d’Fabienne Goergen, den Yves Kremer, d’Jill Kugener, de Schäffe Lucien Kurtisi (per Procuratioun), de Frank Schuler an de José Vaz do Rio.

Eng Motioun, déi vun der eenzeger Oppositiounsconseillère Suzette Serres agereecht gi war an an där gefuerdert gouf, net iwwert deen éischte Punkt vum Ordre du jour ofzestëmmen, mee amplaz ee Referendum ze organiséieren, gouf als irrecevabel zeréckgewisen. Dat, well se een Dag ze spéit agereecht gi war.

Äert ofgestëmmt gouf, hat de Buergermeeschter Patrick Mergen länger ausgeholl an esouwuel Argumenter fir, wéi och géint d’Nordstadfusioun opgezielt. Fir eng Fusioun géing zum Beispill ëmmer rëm an d’Feld gefouert ginn, datt een als grouss Nordstadgemeng méi Impakt bei nationalen Decisiounen hätt wéi fënnef méi kleng Gemengen.

En plus géing de Referendum, dee fir 2027 virgesinn ass, ee positiivt Beispill vu Biergerbedeelegung bedeiten.

Géint eng Fusioun géingen ënnert anerem déi laangjäreg Diskussiounen, déi un den Nerve vun enger Partie Conseilleren geziert hätten, schwätzen.

Zudeem hätt een an der Vergaangenheet d’Méiglechkeet verpasst, konkret Projete virunzedreiwen. Als Beispill huet hien de Bau vu Sportinfrastrukturen zu Bettenduerf genannt. D’Iddi vun enger, de Besoine vun der Regioun ugepasster, “Coque 2" wier awer séier verworf ginn.

Um Enn vun der Diskussioun huet de Buergermeeschter dann nach der Suzette Serres ee Schreiwes ginn, dat mat der Begrënnung, si hätt diffamatoresch Aussoe géint hien an de Medie gemaach.

Enn September war schonn eng Kéier doriwwer ofgestëmmt ginn, ob ee wieder un de Fusiounsgespréicher participéiere wëllt. Deemools hate sech an engem geheime Vott siwe Conseilleren dogéint a véier dofir ausgeschwat. Well de Vott awer illegalerweis geheim ofgehale gi war, hat den Inneminister Léon Gloden annoncéiert, de Vott ze annuléieren.

© Marc Hoscheid / RTL

Back to Top
CIM LOGO