
Am Fréijoer hat hien d’ONGen aus der Entwécklungshëllef, déi am Beräich vun der Sensibilisatioun an der Educatioun aktiv sinn, driwwer informéiert, datt et eng Reform géif ginn.
Eng Reorganisatioun, déi an den Ae vum Xavier Bettel néideg ass, well hie festgestallt huet, datt Sensibiliséierungsaarbecht net fir all Organisatioun datt selwecht bedeite géif. Déi eng wieren och um Terrain aktiv, anerer géifen am eegene Büro Ateliere mat hiren eegene Memberen organiséieren.
“Wann ee well vu Sensibilisatioun schwätzen, geet et jo och drëms, de Grand Public z’informéieren an d’Leit ze sensibiliséieren an do déi richteg Approche ze fannen tëschent Leit, déi sech fir de Sujet intresséieren, weider un der Staang ze halen, awer och, neie Public ze sichen. Et si véier Milliounen Euro, déi hei benotzt ginn an et si Projeten, déi hei am Land gemaach ginn. Mat der Caritas si jo och Suen do verontreit ginn. Mir musse kucken, datt d’Leit nees Vertrauen an d’ONGe kréien.”
Dofir misst Kloerheet geschaaft ginn an et bräicht ee Reegelen, déi zesumme mat den ONGen ausgeschafft ginn, esou nach de Xavier Bettel.
D’Argument, dat hien nennt, fir de Secteur ze reforméieren ass an den Ae vu sengem Virgänger am Kooperatiounsministère, dem LSAP-Deputéierte Franz Fayot, allerdéngs eng ze vill enk Vue.
“Den Aussen- a Kooperatiounsminister schéngt z’entdecken, wéi d’ONGe funktionéieren. Dobäi muss een, wann een dee Sachverhalt wëll vermëttelen - an dat ass d’Sensibiliséierung an dat wat een haut global Educatioun nennt - da muss ee sech zesummesetzen, tëschent den Ekippen, déi um Terrain schaffen an den Entwécklungslänner, an deene Leit, déi och an den ONGe schaffen, an dozou gehéieren och Leit, déi PR a Kommunikatioun maachen, an déi dat dono didaktesch sollen eriwwer bréngen un déi Jonk a manner jonk.”
Déi Gréng hate schonn am Abrëll de Kooperatiounsministère kritiséiert an Explikatioune verlaangt. Elo nodeems de Minister Bettel eng zweete Kéier an den zoustännege Kommissioune war, ass d’Djuna Bernard e bësse méi optimistesch.
“Mir haten d’Gefill an deene leschte Méint, wéi wann den Här Bettel duerch seng Aktiounen oder säin Aktionismus deelweis selwer fir méi Onrou gesuergt huet, wéi Previsibilitéit geschafen huet. Mir si frou, datt dat sech elo schéngt, lues a lues, am Dialog mam Secteur ze klären. Trotzdeem bleiwe mer an enger Situatioun, wou à long terme Saache vague bleiwen.”
Déi Gréng wëllen dofir weider um Sujet dru bleiwen a sech mam Cercle vun den ONGen austauschen.