Wéinst Verdacht op "abus sexuels"Generalist aus dem Oste vum Land bleift an Untersuchungshaft

RTL Lëtzebuerg
E Generalist aus dem Oste vum Land, deem "abus sexuels" virgeworf gëtt, bleift weider an Untersuchungshaft, dat krut RTL vum Parquet op Nofro confirméiert.
D'Geriicht zu Dikrech.
D’Geriicht zu Dikrech.
© RTL Archiv

De Parquet Dikrech hat den 1. Mäerz dëst Joer per Schreiwes matgedeelt, dass ee sech mat engem Fall vun “abus sexuels” duerch en Dokter géif befaassen. Et handelt sech ëm e Generalist vun 52 Joer, deen am Oste vum Land praktizéiert huet.

Op Nofro heescht et vum Parquet, dass de Mann weider an Untersuchungshaft sëtzt. Eng Demande, fir provisoresch fräizekommen, gouf souwuel an éischter wéi och an zweeter Instanz verworf.

Et wieren och weider Plainten nokomm, déi den Ament vum Parquet vun Dikrech analyséiert ginn.

De Parquet gouf schonn den 9. Juli 2021 mam Fall konfrontéiert. Zwee erwuesse Patienten haten do eng Plainte gemaach.

Nodeems eng drëtt Persoun e sexuelle Mëssbrauch gemellt huet, koum de concernéierten Dokter nach emol virun den Untersuchungsriichter. Den 23. Februar gouf en Haftbefeel ausgeschwat. Op Uerder vum Dikrecher Bezierksgeriicht koum den Dokter an Untersuchungshaft.

D’Enquête leeft an et gëllt d’Présomption d’innocence.

D’Schreiwes vum 1. Mäerz 2024

Communiqué du parquet de Diekirch en relation avec la mise en détention préventive d’un médecin généraliste
(01.03.2024)

Un médecin généraliste âgé de 52 ans, exerçant dans l’est du pays, a été inculpé et placé en détention préventive pour des faits d’abus sexuels sur trois patients majeurs.

Le parquet de Diekirch avait requis, le 9 juillet 2021, l’ouverture d’une instruction sur base de la plainte de deux patients à l’encontre du médecin.

À la suite de la dénonciation par un troisième patient pour des faits récents d’abus sexuels, la personne a comparu une deuxième fois devant le juge d’instruction et un mandat de dépôt fut décerné à son encontre le 23 février 2024.

Par ordonnance du 29 février 2024, la chambre du conseil du tribunal d’arrondissement de Diekirch a retenu que les conditions légales de la détention préventive restent réunies.

L’instruction poursuit son cours.

Le parquet tient à rappeler qu’en vertu du principe de la présomption d’innocence toute personne, qui se voit reprocher une infraction, est réputée innocente tant que sa culpabilité n’a pas été légalement démontrée.

Back to Top
CIM LOGO