No 4 Méint an U-HaftGeneralist aus dem Oste vum Land ënner Oploen nees op fräiem Fouss

Roy Grotz
Dem 52 Joer ale Medezinner gëtt sexuelle Mëssbrauch vun op d'mannst 3 männleche Patiente reprochéiert.

Dat si Faiten, déi an der Iechternacher Doktesch-Praxis wärend Kontrolle geschitt wieren.

Wéi d’Dikrecher Chambre du Conseil decidéiert huet, kéint de Generalist aus dem Prisong entlooss ginn, well keng Gefore vu Flucht, neien Infraktiounen oder Vertusche vu Preuvë géife bestoen.

Dëst Fräiloossen ënner “Contrôle judiciaire” baséiert op dem Artikel 94 vum Code de procédure pénale.

Ewell 2021 hat den Dikrecher Parquet op Basis vun zwou Plainten eng Instruktioun géint de Mann opgemaach. No enger weiderer Plainte dëst Joer hat en Untersuchungsriichter decidéiert, datt de Generalist sollt op Suessem an Untersuchungshaft kommen.

RTL-Informatiounen no sollen et nach weider Plainte vu presuméierte Mëssbrauchs-Affer gi sinn, ouni datt dës confirméiert goufen.

Och wann de Medezinner aktuell op fräiem Fouss ass, geet d’Instruktioun géint hie weider.

Well d’Gesondheetsministesch Martine Deprez decidéiert huet, fir d’Autorisatioun vum Medezinner ze suspendéieren, wann hien op fräie Fouss kënnt, kann de Mann aktuell keng Patienten traitéieren.

Bis op Weideres gëllt natierlech d’Présomption d’Innocence.

Back to Top
CIM LOGO