RéckruffGerappte Muerte vum Delhaize kéinte Glasstécker enthalen

RTL Lëtzebuerg
Wéi Delhaize matdeelt, goufe bei Tester vun hire "Carrottes Rapées" Glasstécker am Iesse fonnt.

Dowéinst huet ee reagéiert an déi betraffe Loten (LM 005 K) aus de Regaler zeréckgezunn. D’Chaîne rifft d’Clienten dann och op, fir dës Muerten net ze consomméieren an zeréck an de Buttek ze bréngen. Si géifen d’Suen dofir erëmkréien.

Weider präziséiert Delhaize, datt aner Lote vum selwechte Produit net betraff wieren.

D’Detailer vum Produit

PRODUIT :CAROTTES RAPEES
MARQUE : Delhaize
EAN : 5400113524014
Date de péremption (DDM) : 31/12/2026
Lot : LM 005 K
Heure de production : de 12 :00 jusqu’au 13 :30 (peut être trouvé à côté du numéro de lot)
Poids : 340g
Emballage :
bocal en verre
Période de vente :
19/07/2024 & 23/07/2024

PDF: All d'Detailer zum Produit am Schreiwes vun Delhaize

Back to Top
CIM LOGO