Bei Dréiaarbechten zu LëtzebuergGerard Dépardieu soll Coordinatrice obszön beleidegt hunn

Jérôme Didelot
Bei Dréiaarbechten zu Lëtzebuerg am Joer 2008 soll de Gérard Depardieu eng Coordinatrice op engem Film-Set obszön beleidegt hunn.
© JENS KALAENE / DPA /dpa Picture-Alliance via AFP

2008 gouf zu Lëtzebuerg de Film “Diamant 13" gedréit. Déi deemools 23 Joer jonk Regisseurin Marylène Andrin war bei den Dréiaarbechten als sougenannte “Régisseuse de plateau” fir d’Koordinatioun um Set responsabel. Ma eng Erfarung, déi eigentlech sollt eng Beräicherung sinn, gouf duerch d’Behuele vun engem Filmstar verduerwen.

Wéi d’Marylène am Gespréich mat RTL Infos erkläert, wier si grad en engem Eck vum Film-Set amgaange gewiescht, sech ëm d’Koordinatioun ze këmmeren, wéi op eemol de Gérard Depardieu laanscht getrëppelt wier, an hir aus dem Näischt obszön Beleidegungen un de Kapp geheit hätt.

Ewéi si der Film-Ekipp deemools vum Tëschefall erzielt hätt, wier d’Reaktioun gewiescht, dass de Gérard Depardieu eben esou wier, an dass den Tëschefall net schlëmm gewiescht wier. RTL Infos huet och beim Produzent vum Film, dem Claude Waringo nogefrot. Wéi dësen erkläert huet, wier hien eréischt vum Tëschefall gewuer ginn, ewéi dësen Thema vun enger Emissioun op der franséischer Tëlee war. Hätt hien dat Ganzt deemools matkritt, hätt hien intervenéiert.

Ma dat wier net den eenzege Fall gewiescht, bei deem de Schauspiller sech wärend den Dréiaarbechten am Grand-Duché donieft beholl hätt. En Techniker, deen anonym bleiwe wëll, erënnert sech dorun, dass den Depardieu eng Fotografin, déi net fir e Rendez-vous opgedaucht ass, als “Pute” bezeechent huet.

Antëscht huet och den Direkter vum Film-Fong Guy Daleiden sech zu de Reprochë geäussert. Fir hie selwer a fir de Film-Fong wier d’Situatioun inakzeptabel. Esou e Behuele kéint ni akzeptéiert ginn. Et hätt ee reagéiert an et wier een zu der Conclusioun komm, dass een engersäits sensibiliséiere misst, ma anerersäits misst een och konkret Léisungen ausschaffen, dass sech esou Tëschefäll net géife widderhuelen.

De kompletten Detail kënnt Dir am Artikel vum Jérôme Didelot op RTL Infos noliesen.

Back to Top
CIM LOGO