Marche Blanche zu Péiteng"Gerechtegkeet fir de Jonathan"

Fanny Kinsch
Dat hunn eng 100 Leit op enger Marche Blanche zu Péiteng gefuerdert, 5 Méint nodeems de Jonathan Aubry do an enger Disco gestuerwen ass.
Marche Blanche fir den Jonathan Aubry
De Mann war an der Nuecht virun Hellegowend an enger Disco zu Péiteng gestuerwen.

Am Schloree sinn si vun der Gemeng bis virun déi Disco gaangen, an där de Mann ëm d’Liewe koum. Wien an ob een dofir responsabel ass, ass nach net gekläert.

De Mann vu Mëtt 30 hat an der Nuecht op Hellegowend an der Disco eng Ausernanersetzung mat engem Sécherheetsagent. Hien ass dobäi gefall a gouf esou schro um Kapp blesséiert, datt en nach op der Plaz gestuerwen ass.

Famill a Frënn kritiséieren, datt d’Affär ze laang schleeft.

Zënter hire Mann net méi lieft hätt si och kee Liewe méi, seet d’Wittfra vum Jonathan Aubry, d’Faïza Aubry-Bouraï a stéiert sech drun, datt d’Justiz no 5 Méint nach keng Kloerheet geschaaft huet.

“Ech fannen, datt et iwwerhaapt net viru geet. Et feelt un Transparenz. Mir hu ganz wéineg Informatiounen iwwert d’Instruktioun. Ech vertrauen der Justiz an awer hunn ech vill Zweiwel, well et net vill Äntwerte gëtt an et net bougéiert.”

De Sécherheetsagent aus der Disco war an enger éischter Etapp festgeholl ginn, e puer Deeg méi spéit koum hien ënner Oploen erëm fräi. D’Justiz präziséiert op Nofro hin, datt d’Instruktioun nach am Gaang ass.

D’Péitenger Gemeng hat no dësem Tëschefall intervenéiert an der Disco d’fräi Nuechten bis 6 Auer ewechgeholl, seet de Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf.

“Duerno hu mer der e puer bis 3 Auer ginn an dunn ass jo nach eng Kéier en Incident geschitt an dunn hu mer Mol ganz gestoppt. Elo féiere mer déi fräi Nuechten nees an. Am Gespréich, och zesumme mat der Police, hate mer Moossname festgeluecht, fir verschidde Garantien ze kréien, dass näischt geschitt. Wann déi ëmgesat sinn - dat wäert an den nächste Wochen sinn, da kréien se erëm fräi Nuechten. Da gi mer hinne Mol een oder zwee Méint fräi Nuechten an da kucke mer. Do maache mer och e Monitoring a kucke wat geschitt, wat geschitt net. Mir bleiwen do um Ball.”

D’Moossnamen, déi mussen ëmgesat ginn, kennt een och vun anere Plazen aus dem Nuetsliewen:

“Éischtens, datt mer vläicht mat Kamerae kucken, wann d’Leit erakommen, d’Leit filzen, wa se erakommen, net datt se Messeren dobäi hunn. Da kucken de Leit net sou vill ze drénken ze ginn, well ganz dacks geschéie Kläppereien, well d’Leit quetschmetti sinn. Dofir musse se dat och bësse soen a se hunn eis versprach, datt se do déi néideg Moossnamen huelen.”

D’Gemeng seet, et géif ee feststellen, datt am Allgemengen de Risiko datt eppes geschitt erof geet, wa keng fräi Nuechte sinn. Allerdéngs ass dat och net ëmmer eng Garantie fir e rouegen Owend. De leschte Weekend hat eng Persoun zu Péiteng an de Fouss geschoss kritt a war mat engem Messer um Kapp blesséiert ginn.

D’Gemeng hat duerno iwwerpréift, ob et eng fräi Nuecht gouf, wat awer net de Fall war, esou de Jean-Marie Halsdorf. Wat genee geschitt ass, ass nach net gekläert. Vun der Justiz heescht et, d’Instruktioun wier nach am Gaang.

Back to Top
CIM LOGO