Comitéssëtzung vum Syndikat NordstadGereizten Atmosphär nom Fusiounsaus vu Bettenduerf

Marc Hoscheid
En Dënschdegowend ass de Comité vum interkommunale Syndikat Nordstad fir déi éischte Kéier zanter dem Fusiounsaus vu Bettenduerf zesummekomm.
© RTL-Archiv

D’Gemeng Bettenduerf huet d’lescht Woch decidéiert, sech aus de Gespréicher iwwert d’Nordstadfusioun zeréckzezéien.

De Bettenduerfer Buergermeeschter Patrick Mergen huet mat Bléck op de Syndikat dobäi betount, datt een och mat aneren Nopeschgemengen Optioune fir eng Zesummenaarbecht hätt. Et wéilt een zwar Member an der Nordstad bleiwen, mee an Zukunft misst ëmmer kloer chiffréiert ginn, wat eppes mam Fusiounsprozess ze doen huet, a wat net.

Den Dikrecher Buergermeeschter Charel Weiler huet iwwerdeems d’Fro an de Raum gehäit, ob de Vott zu Bettenduerf iwwerhaapt legal war. De Gemengerot hat geheim ofgestëmmt, dat wier awer guer net am Gesetz virgesinn. De Bettenduerfer Buergermeeschter Patrick Mergen huet doropshi gemengt, datt d’Resultat wuel d’selwecht ausfale wäert, och wann een nach eng Kéier ëffentlech ofstëmme muss. Et wier elo um Inneministère, fir eng Decisioun ze huelen.

De Spriecher vun der Nordstad a Buergermeeschter vun Ierpeldeng-Sauer Claude Gleis huet annoncéiert, datt d’Gemengen Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren zäitno eng nei Delibération concordante zur Fusioun huele wëllen.

Den Ierpeldenger Schäffe Fränk Kuffer huet sengersäits gemengt, datt hie sech just schwéier virstelle kéint, wéi een nach gutt zesummeschaffe soll. D’Aarbecht am Syndikat géing sech nämlech an Zukunft ëmmer méi op d’Fusioun konzentréieren.

Back to Top
CIM LOGO