Den Dag no der PoopstvisittGeschäftsleit, Hotelieren a Restauranten hu kaum vum Poopst-Besuch profitéiert

RTL Lëtzebuerg
Déi offiziell Visitt en Donneschdeg vum Poopst Franziskus zu Lëtzebuerg war e ganz grousst Evenement fir Gleeweg, Politik an national Medien.
Geschäftsleit, Hotelieren a Restauranten hu kaum vum Poopst-Besuch profitéiert
Déi offiziell Visite gëscht vum Poopst Franziskus zu Lëtzebuerg war e ganz grousst Evenement fir Gleeweg, Politik a national Medien.

Manner grouss war den Impakt dogéint op d’Stater Geschäftswelt. Den héije Besuch huet en Donneschdeg dausende Leit an d’Stad gelackelt, ma d’Butteker sinn awer éischter eidel bliwwen. Dat schlecht Wieder an déi vill Stroossen déi gespaart waren, hu vill Clienten ofgeschreckt, seet d’Mireille Rahmé-Bley, Presidentin vum Stater Geschäftsverband.

D’Evenement wär ganz gutt organiséiert gewiescht an d’Visitt vum Poopst ass sécher och eng nohalteg Reklamm fir Lëtzebuerg als Touristendestinatioun. D’Hotelieren an d’Restaurateuren hätte vun där kuerzer Visitt awer kaum profitéiert, soen den Alain Rix an den Steve Martellini vun der HORESCA.

Just ee klenge Café an der Ënneschtgaass zielt zu de grousse Gewënner. Nodeems de Poopst en Donneschdeg do säin Espresso gedronk huet, sinn d’Reservatioune staark an d’Luucht gaangen.

Back to Top
CIM LOGO