Enquêtëkommissioun an "Initiative populaire"Gesetzprojete fir Ëmsetzung vu rezente Verfassungsännerungen deposéiert

RTL Lëtzebuerg
Engersäits geet et dorëm, datt d'Chamber Enquêtëkommissioune kënne vu just 20 Deputéierten op d'Bee gesat ginn. Bis ewell war eng Majoritéit néideg.
© RTL Archiv

Donieft solle Bierger per “Initiative populaire” Gesetz-Propositioune kënnen deposéieren. Wa gewëss Konditiounen erfëllt sinn, muss d’Chamber déi Propositiounen dann och diskutéieren a wie weess... unhuelen. Dës Nouveautéite gëlle soubal d’Verfassung a Kraaft getrueden.

D’Deputéiert Mars Di Bartolomeo (LSAP), Simone Beissel (DP), Charles Margue (déi Gréng), Léon Gloden (CSV) a Roy Reding (ADR) hunn d’Projeten ausgeschafft.

Back to Top
CIM LOGO