D'Police rekrutéiert 205 LeitGesicht gëtt an der Policekarriär an am Zivilkader

Diana Hoffmann
205 nei Beamte gi fir d'nächst Joer bei der Police gesicht. D'Rekrutementscampagne ass lancéiert.
D'Police rekrutéiert 205 Leit
Gesicht gëtt an der Policekarriär an am Zivilkader

Gesicht ginn 200 Beamten an de Karriäre B1 an C1 a 5 an der A1. Et géing awer net just an den typesche Policekarriäre gesicht ginn, mee och am Zivilkader, huet de Generaldirekter Pascal Peters betount. Do géing awer d‘ganz Joer iwwer rekrutéiert ginn.

Et bräicht ee Leit um Terrain, fir d‘Kriminalitéit ze bekämpfen a positiv op d’Sécherheetsempfanne vun de Biergerinnen a Bierger anzewierken. Doriwwer eraus wier et awer och wichteg, d’Beräicher vun der Finanzkriminalitéit an der Cybersécherheet auszebauen. An och d’Servicer vun der Police judicaire a vun der Police technique solle verstäerkt ginn. “Méi Police, méi Presenz, méi Proximitéit um Terrain, méi Preventiounsaarbecht“, faasst et den CSV-Inneminister Léon Gloden zesummen.

De Generaldirekter Pascal Peters

Bei der Police kéint een a ville verschidde Beräicher schaffen. “Egal op wéi enger Karriär een erakënnt, kann ee quasi vum Kommissariatsbeamten, deen no beim Bierger ass, bis hin zum Motard, Hondsmeeschter oder Spezialunitéit alles ginn, wann ee motivéiert ass”, huet de Generaldirekter betount. Dat selwecht géing fir déi zivil Karriär gëllen.

Trotz dem grousse Rekrutement wéilt een awer d’Qualitéitskrittären net erofschrauwen. Sproochentester, Sportstester, d’Psychologietester géinge bäibehale ginn. Wann ee keng 200 Leit géing fannen, da wier dat eeben esou. Eng 10 bis 15 Prozent géinge bei der 2 Joer laanger Ausbildung entweder den theoreteschen oder de prakteschen Deel vun der Ausbildung net packen.

Den 19. Oktober ass tëscht 14 a 17 Auer en Informatiounsdag iwwert de Rekrutement um Site vun der Policeschoul um Findel. E puer Deeg méi spéit sinn och tëscht 17 an 10 Auer a véier verschiddene Gemengen Informatiounsowender. Dëst um Verluerekascht, zu Gréiwemaacher, zu Dikrech an zu Déifferdeng. An den zwee leschte Jore si bei der Rekrutementscampagne 470 Kandidaturen erakomm. Zanter e puer Joer gëtt et dann och keng Alterslimitt méi. “Mir encouragéiere jidderee mat Beruffserfarung, deen en neie Challenge sicht, fir sech der Police unzeschléissen”, huet den Alain Engelhart, Generaldirekter adjoint vun der Police ënnerstrach.

Den Ament schaffen 3.237 Leit bei der Police, souwuel an Uniform, wéi och an Zivil. Dovunner 2.046 Polizisten, 370 Fonctionnairesstagiaires a 712 an Zivil, woubäi eleng do 60 Persounen dëst Joer rekrutéiert goufen. 2019 gouf mam verstäerkte Rekrutéierungsplang ugefaangen. Iwwert déi lescht Jore wier d’Police mat engem Zouwuess vun ëm 40 Leit relativ wéineg gewuess, wann een den Netto-Renfort géing kucken. Dëst wier zum Beispill well Auslandsmissioune bäikomm wieren, an och well d‘Police um Flughafen hätt misse verstäerkt ginn. “Do ass den Netto-Plus um Terrain nach ni richteg bei de Biergerinnen a Bierger ukomm“, huet de Generaldirekter erkläert. Eréischt vun dësem Joer u géing et en Netto-Plus vun 90 Persoune ginn.

Back to Top
CIM LOGO