Fahrerflucht an der MillebaachGesicht gëtt no engem donkelbloen/schwaarzen DS7

RTL Lëtzebuerg
E Freideg géint 18 Auer huet en Automobilist an der Millebaach e geparkten Auto getéitscht an huet sech duerno duerch d'Bascht gemaach.

Geschitt ass dat Ganzt an der Briddeler Strooss op der Héicht vum Haus mat der Nummer 10.

Éischten Informatiounen no soll et sech beim flüchtege Gefier ëm en donkelbloen oder schwaarzen DS7 mat Lëtzebuerger Placken handelen (Luxusmark vu Citroën). Den Auto wier op der Bäifuerersäit beschiedegt ginn.

Leit, déi eppes gesinn hunn respektiv de schëllege Chauffer vum Accident erkenne konnten, solle sech bei der Police um (+352) 244 40 1000 oder via E-Mail op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO