Ginn net rembourséiert an de Patron kritt Bescheed gesotGesondheetskeess warnt viru falsche Krankeschäiner, déi een online ka bestellen

RTL Lëtzebuerg
D'CNS huet en Dënschdeg e Communiqué erausginn, an deem viru falsche Krankeschäiner gewarnt gëtt.
© Shutterstock Grafik

Wéi d’Gesondheetskeess preziséiert, gëtt all Zort vu Certificat, deen net vun engem Dokter gemaach gouf, refuséiert. Esou Krankeschäiner kritt een iwwer Onlineplattformen, ouni Consultatioun bei engem Dokter. Fir dës géif een dann och keng Indemnitéit kréien.

Den Employeur géif och iwwert esou e falsche Certificat informéiert ginn. Persounen, déi esou e falsche Krankeschäin areechen, géife sech net just a Punkto Aarbechtsrecht strofbar maachen, ma och vu Säite vun der CNS misst ee mat geriichtleche Prozedure rechnen.

Back to Top
CIM LOGO