"Wichteg éischt Etapp"Gesondheetsministesch Martine Deprez am RTL-Interview iwwer de Covid-Rapport

Claudia Kollwelter
"Et ass eng wichteg 1. Etapp fir d'Rapporten, déi et scho gouf, opzeschaffen an eng Synthees ze maache vun deem, wat wärend der Covid-Pandemie gelaf ass".
"Wichteg éischt Etapp"
Dat seet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez iwwert de Covid-Rapport, deen déi lescht Woch publizéiert gouf. Dobäi soll et awer net bleiwen.

Dat seet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez iwwer de Covid-Rapport, deen déi lescht Woch publizéiert gouf. Dobäi soll et awer net bleiwen.

Nach keng konkret Aussoen iwwer d’Effikassitéit vun de Mesuren

D’Nott vun der Cellule scientifique vun der Chamber iwwer d’Covid-Pandemie wier eng gutt Basis, fir weider ze schaffen, am Hibléck op d’Gesetz vun der Santé publique, seet d’Gesondheetsministesch:

“Wa mir elo dat Gesetz ausschaffen, musse mer wëssen, wéi en Zenario international ënnerwee ass, wéi eng Mesuren ee kann en place setzen a wat déi Mesuren an der Vergaangenheet bruecht hunn a wéi eng méi kritesch oder manner kritesch beliicht waren.”

“Et hëlt een ni eng Decisioun, fir eppes falsch ze maachen”

D’Martine Deprez war eréischt no der Pandemie an der Responsabilitéit, verdeedegt awer d’Decisioune vun der viregter Regierung. Déi hätt mat deenen Donnéeë geschafft, déi se hat, an deemno hir Decisioune geholl, seet d’Ministesch vun elo. Dono wier een ëmmer méi schlau, mee haut géif ee probéieren, déi méiglech Conclusiounen erauszezéien.

Mat Chamber, Staatsrot, Regierung an Experte war ee gutt opgestallt

Et wier net evident ze soen, wéi eng Mesuren ok waren a wéi eng net:

“Dee Moment, mat den Elementer, déi een dunn hat, war et ok. Et ass an der Chamber diskutéiert ginn, de Staatsrot huet säin Avis ginn, d’Regierung hat eng Task Force en place mat Experten. Et huet ee sech beschtméiglech opgestallt, fir seng Decisiounen ze huelen. Am Nachhinein kann een ëmmer emol Saachen a Fro stellen, mee dee Moment hat ee keng aner Elementer, fir déi Decisiounen ze huelen, déi ee geholl huet.”

D’Brouillone vun der viregter Regierung fir d’Pandemiesgesetz misst een der Gesondheetsministesch no auswäiten. Et géif net duer goen, eréischt ze agéieren, wann eng Pandemie ausbrécht. Dofir wéilt een alles an engem Gesetz vun der ëffentlecher Gesondheet verbannen.

Back to Top
CIM LOGO