GehälteraccordGewerkschaft FGFC weist mam Fanger op de Staatsrot

RTL Lëtzebuerg
Setzt mol ee Gehälteraccord ëm, ier den nächste kënnt – sou kéint een d’Kritik vun der FGFC zesummefaassen.
© RTL-Archivbild

08/11/2024 BAND FGFC 17H40

D’Gewerkschaft vum Gemengepersonal ass rosen, datt d’Reformen aus dem leschten Gehälteraccord fir de Staat vun 2022 nach net am Gemengesecteur ëmgesat ass. Dobäi gëllt de Gehälteraccord beim Staat traditionell genee och sou fir de Gemengesecteur. Dat steet och prinzipiell net a Fro. Mee bei der Ëmsetzung ginn ënnerschiddlech Gesetzestexter a Reglementer fir déi eng an déi aner gemaach. Déi eng, déi fir d’Staatsbeamten, si gréisstendeels zanter annerhallwen Joer duerch. Ma fir déi aner kommen d’Avisen vum Staatsrot net erbäi.

Dat versteet de Gewerkschaftspresident Claude Reuter net. Schliisslech wieren d’Texter bal identesch.
“Ob ech elo iwwerspëtzt, Fonctionnaire de l’Etat do stoen hunn oder Fonctionnaire communal, däerft jo lo net d’Schwieregkeet um Text leien.”

Et sinn awer net just Primmen an Augmentatiounen aus dem leschte Gehälteraccord, déi net kommen, well den Avis vum Staatsrot feelt. Mee zum Beispill och d’Ofschafung vum Logik-Test, deen d’Kandidate fir Gemengeposte musse packen, ier se d’Epreuve fir hir spezifesch Beruffsspart packen. Mat där Epreuve gouf et méi Probleemer. Dacks konnten d’Kandidaten hir zweet, spezifesch Epreuve net maachen, well d’Resultater vum Logik-Test net prett waren. An, et gëtt eng Zort Numerus Clausus, sou datt ee souguer mat gepacktem Logik-Test méiglecherweis net viru koum. Sou datt et schwiereg wier, Leit anzestellen, seet de Claude Reuter: “Do fänken ech awer un, och als FGFC ee Probleem ze kréien, wann duerch esou eng Institutioun, wann duerch esou eng Institutioun carrement e Retard entsteet. A wa mer dobäi och nach Rekrutéierungsprobleemer kréien. A wa mer och nach eng Inegalitéit tëscht dem Staatsapparat kréien.”

Fir déi eng gëllen d’Reformen, fir déi aner nach net. Zum Deel leien d’Texter zanter annerhallwem Joer beim Staatsrot. Dat ass net just penibel, fir déi Leit, déi op hir Augmentatiounen waarden. Mee och fir d’Gemengen als Patron, déi geplot sinn, wann se d’Augmentatiounen retroaktiv mussen ëmsetzen, erkläert de Claude Reuter: “Wann ech duerno rëm muss mäi Budget opmaachen a kucken, ass deen an d’Pensioun gaangen, hat deen dat nach ze gutt. Déi ganz Recaluculen, déi doduerch kommen. Dat ass jo dobaussen och kengem bewosst. Heiansdo der Politik vläicht och net.”

Wier et da net méi einfach, d’Accorden preventiv ëmzesetzen? De Claude Reuter weess vu kenger Gemeng, déi de Gesetzer géif virgräifen. Dofir seet hie just: “Wann dat esou wier, wier et net ganz richteg.”

Den neie Gehälteraccord beim Staat, deen dann nees fir de Gemengesecteur assimiléiert gëtt, soll nach virun Enn dës Joers negociéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO