Piquet de soutien bei LuxairGewerkschafte fuerdere konstruktiv Verhandlungen

RTL Lëtzebuerg
D’Verhandlunge fir den neie Kollektivvertrag bei Luxair hunn e Freiden de Mëtten ugefaangen.
© Diana Hoffmann

Am Virfeld hate sech e Freiden de Mëtten iwwer 200 Gewerkschaftler vum LCGB, dem OGBL an NGL-SNEP virum Luxair-Siège zu Mënsbech fir e Piquet de soutien getraff. Dëse wier op Demande vun de Salariéeën organiséiert ginn, huet den LCGB-Gewerkschaftssekretär Paul De Araujo op Nofro ënnerstrach. Bei viregten Entrevuen hätt Luxair eng Augmentatioun vun der Produktivitéit an nach méi Flexibilitéit vum Personal gefuerdert. Vun de Kollektivvertragsverhandlunge sinn 1.800 Salariéë betraff.

© Domingos Oliveira

2023 hätt Luxair e Rekord vun 2,5 Millioune Passagéier verbucht. Dat wier just duerch den Engagement vun de Salariéeë méiglech gewiescht, sou de Paul De Araujo. Zanter dem Ufank vun der sanitärer Kris a bis elo hätt d’Personal geliwwert. En Engagement, deen elo misst belount ginn duerch ee Kollektivvertrag deen attraktiv Aarbechts- a Salaireskonditioune garantéiert. “Et geet elo duer mat der iwwerdriwwener Flexibilitéit”, huet de Gewerkschaftler de Salariéeën zougeruff, déi applaudéiert a gepaff hunn. En einfache Merci géing hei net méi duergoen.

© Domingos Oliveira

Gefuerdert gëtt ënner anerem d’nees Aféiere vun engem kompletten 13 Mount fir all d’Salariéen an e supplementäre Congésdag, sou wéi d’Aféiere vun engem Teletravail-System.

Ee Salariée op 8, deen am Grand-Duché wunnt, géing ënnert der Aarmutsgrenz liewen. Domat wier Lëtzebuerg dat Land mat deem héchsten Taux vun aarme Leit déi eng Aarbecht hunn, huet d’Manon Meiresonne, OGBL- Zentralsekretärin betount. Dat wier net z’akzeptéieren a misst ophalen. Deen eenzege Moyen dofir wier, dass Kollektivverträg missten op eng seriö Manéier tëscht dem Patronat an de Gewerkschafte verhandelt ginn.

D’Fuerderung vun e Freiden ass also mol fir d’éischt seriö a konstruktiv Verhandlungen, déi op der Héicht vun Engagement vum Luxair-Personal wieren.

© Diana Hoffmann

PDF: D'Schreiwes vum LCGB

Back to Top
CIM LOGO