
Virun zwee Joer koum et am CPTE zum Eclat, an am Hierscht zejoert haten d'Gewerkschaften d'Dier du ganz geklaakt. Grond war, datt an hiren Aen d'Regierung d'Roll vun de Gewerkschaften an de Kollektivverträg wollt reduzéieren. Vu Schwieregkeete war awer bei dëser Sëtzung net méi vill ze spieren.
Dat gutt Wieder hat sech wuel positiv op d'Stëmmung vun de Sozialpartner ausgewierkt: Allefalls war vun enger Sozialkris e Mëttwoch um Rousegäertchen net méi vill ze spieren. Deemno och een zefriddenen Aarbechtsminister Marc Spautz: "Ech constatéieren, datt et am Geescht vu Senneng weidergaangen ass, dass et ganz konstruktiv war, dass mer haut déi dräi Sujete vun der Plattformaarbecht, vun der méi Kollektivverträg an och vun der Loungläichheet, dass mer doriwwer geschwat hunn." Net just geschwat, et wier een sech och méi no komm.
"Ech sinn der Meenung, dass fir méi Kollektivverträg ze kréien, dass dat, hunn ech verstane vun deenen zwou Säiten, och e Begier ass, dass dat kéint hëllefe bei der Lountransparenz. Datt do Kollektivverträg ebe kënnen hëllefen, déi Direktiv méi einfach ëmzesetzen an och bei der Plattformaarbecht, dass mer do och driwwer geschwat hunn an der Definitioun (...) an do och Léisunge fannen, fir dat och am Plattformgesetz esou eranzekréien."Marc Spautz, CSV-Aarbechtsminister
Wat d'Plattformaarbecht ugeet, esou wier ee sech ronderëm den Dësch eens, datt dat ee neien Aarbechtsmodell wier, esou den LCGB-Präsident Patrick Dury: "Mee dass déi Funktiounen, wéi zum Beispill déi berüümt Jongen, déi um Vëlo fueren, awer an ee Salariatsverhältnis gehéieren, dass déi sozial verséchert musse sinn, alles anescht, dat ass e Skandal, dat ass eng nei modern Form vu Sklaverei a mir sinn eis ëm den Dësch eens. Elo musse mer kucken, wéi mer dat formuléieren."
Donieft bräicht et méi Kollektivverträg, déi géifen och der Loungerechtegkeet ze gutt kommen. Och a Saache Kollektivverträg géif ee vill Saachen änlech gesinn, esou den UEL-President Michel Reckinger. "Haut hu mer een Aarbechtsrecht, wat immens strikt ass, immens déck ass, ganz vill Saache verbitt. A wat soll een dann nach an engem Kollektivvertrag diskutéieren? Dat ass de Grand Tenor. An do si mer eis quasi eens op de Constat. An elo musse mer kucken, wéi komme mer do beieneen, fir dat eent, méi Kollektivverträg, an dat anert, Aarbechtsrecht, ze erliichteren, fir dass am Kader vun deem Aarbechtsrecht duerno ka modern geschafft ginn."
Fir d’OGBL Presidentin Nora Back feelt et nach u konkrete Resultater, mee d'Gewerkschafte wieren op allefall op oppen Ouere gestouss
"Mir si sëtze bliwwen. Déi dräi Acteuren hunn am Respekt mateneen haut geschwat. Et ass awer nach näischt dobäi erauskomm. Also mir hu keng Resultater. Mir hunn elo nach keen Text op dee mer eis eens wieren. Dat heescht, et geet weider. Mee d'Stëmmung war awer gutt."<i>Nora Back, OGBL-Presidentin:</i>
De 15. Juli kënnt de CPTE fir déi nächste Kéier beieneen. Bis dohin soll an Aarbechtsgruppen un den Texter geschafft ginn. Um Rousegäertchen huet ee sech dann och zouversiichtlech ginn, fir bis do konkret Léisungen um Dësch ze hunn.