Kollektivvertrag am Bankesecteur bis Enn 2026Gewerkschafte wëllen nach dëse Mount gréng Luucht ginn

RTL Lëtzebuerg
Obwuel et eng schwéier Gebuert gewiescht wier, wier et wichteg gewiescht, dass d'Gewerkschaften ALEBA, OGBL an LCGB als Front zesummegehalen hunn.
© Luc Rollmann / RTL

Dat soll och an Zukunft esou bleiwen, seet de President vun der ALEBA Roberto Mendolia. Wéinst dem Trend ewech vun den Universal-Banken, dem Astelle vun ëmmer méi spezialiséierte Leit, der Digitalisatioun vun de Banke-Servicer an dem Opkomme vun der Kënschtlecher Intelligenz, géif een zwar dervun ausgoen, dass de Bankesecteur zwar performant bleift, dass awer parallel an den nächsten 10 bis 15 Joer d’Personaldecken ëm bis zu 50 % méi kleng kéint ginn. Et géif op alle Fall vill Inconnue ginn. Vun dësem Kollektivvertrag si ronn 25.000 Leit betraff.

Extrait Roberto Mendolia

“C’est ce qu’on entend malheureusement. C’est vraiment une peur qu’on a. Personne, évidemment, n’a de boule de cristal pour le dire. Les tendances, quand on voit les théories d’application de l’intelligence artificielle générative, on parle de ces chiffres là et ça nous fait vraiment très peur”, sou den ALEBA-President Roberto Mendolia.

Den ABBL-President Roberto Mendiola iwwer déi potenziell Suitte vun der K.I.
Déi Kënstlech Intelligenz kéint zu engem Ofbau vu Plazen am Banke-Secteur féieren.

Esou een Ofbau géif net vun haut op muer geschéien, mä an Etappen: Fir d’éischt Aarbechtsplazen, déi eriwwer a Richtung informatesch Technologie ginn, dono eng Etapp vu Kontroll, wou een op KI setze soll an dann eben dat globaalt Ëmsetzen. Et géif op alle Fall vill Inconnue ginn. D’Gewerkschafte misste sech do geschlossen drop virbereeden.

Back to Top
CIM LOGO