Dat sot den DP Fraktiounschef Gilles Baum en Dënschdeg op der Bilanspressekonferenz vu senger Partei. D‘Land misst kompetitiv sinn, fir déi néideg Investissementer kënnen ze finanzéieren a gläichzäiteg géing een deene Schwächsten ënnert d‘Äerm gräifen.
De Gilles Baum huet de Bilan vun der Zäit vun der DP an der blo-rout-grénger Regierung verdeedegt, dorënner d‘Mesuren, fir d‘Hausse vun den Energiepräisser ofzefiederen. Dunn awer och déi éischt Mesurë vun der neier Regierung mat der CSV. Als Beispiller huet hien hei d‘Upassung vum Barème un d‘Inflatioun an d’Hausse vun Aidë fir méi niddreg Revenue genannt.
Et géing awer och nach vill Aarbecht bleiwen, esou de Gilles Baum. Ënnert anerem eng grouss Steierreform mat Individualiséierung. Op d’Fro, ob jidderee bei där Reform gewënnt oder wie méi oder manner gewënnt, huet hien op den CSV-Finanzminister Gilles Roth verwisen, dee bis 2026 déi Reform géing preparéieren an hie kéint nach “net soen, ewéi dat ausgesäit”.
Ze fréi wier et och, fir scho Konkretes iwwert eng Pensiounsreform ze soen. Den DP-Fraktiounschef huet begréisst, datt déi zoustänneg CSV-Ministesch Martine Deprez elo emol géing mat jidderengem schwätzen, dorënner déi Jonk. Ass d’DP bereet, onpopulär Decisiounen ze huelen, wann et muss sinn? “Ech mengen net, datt ee muss hei mam décken Hummer an de Rentesystem schloen (...), mee wa vereenzelt Upassunge musse gemaach ginn, déi sënnvoll sinn, da wäerte mir dat mat eisem Koalitiounspartner och maachen”, esou de Gilles Baum.
Nee zu enger Verbuetspolitik, sou nach den DP-Fraktiounschef. Dem Gilles Baum no wieren d’Leit bereet, a Richtung Klimaneutralitéit ze goen, wann ee se begleede géing. Ëmmer nees misst ee Mesuren iwwerkucken an dat géing ee maachen.
A puncto Logement huet de Gilles Baum de Virworf net gëlle gelooss, datt ee Kaddoe fir d’Promoteure gemaach hätt. Et wier finanziell gesinn, méi fir den ëffentleche Bau a fir d’Leit virgesinn.