De klengen HistoriqueGoogle Datenzenter - wat war do scho méi alles?

Annick Goerens
Zanter Jore gëtt iwwer ee Google-Datenzenter zu Biissen geschwat. Ma wat waren d'Erausfuerderunge bis elo?
© RTL-Grafik

Net méi spéit wéi d’lescht Joer waren Informatiounen zirkuléiert, dass de Projet Google zu Lëtzebuerg keng Prioritéit méi wier fir déi amerikanesch Entreprise. Leschte Samschdeg am Background sot de Wirtschaftsminister Lex Delles dunn awer, de Projet vum Datenzenter wier net dout. Et géingen technesch Reunioune lafen.

Wéi laang gëtt elo scho vu Google zu Biissen geschwat? A firwat steet nach ëmmer näischt? De kuerzen Iwwerbléck fannt Dir hei am Artikel.

Den detailléierten Historique mat de Journal-Sujete vun deemools fannt Dir dogéint hei.

Wéi huet Geschicht tëscht Google an dem Grand-Duché ugefaangen?

Iwwer déi genee Ufäng kann ee just spekuléieren. Ma de 6. Dezember 2016 war den deemolegen LSAP-Wirtschaftsminister Etienne Schneider zu San Francisco an huet eng Foto mam Larry Page getwittert. Dat ass de Co-Fondateur vu Google. An dem Tweet steet, hien hätt mat him iwwer e gréisseren Investitiounsprojet zu Lëtzebuerg diskutéiert.

Genee 7 Méint duerno koum d’Nouvelle, dass Google plangt 1 Milliard Euro ze investéieren, fir een Datenzenter vun der neister Generatioun am Grand-Duché ze bauen. Allerdéngs bräicht et dofir 30 Hektar Terrain.

D’Sich nom Terrain war deen éischte groussen Defi an der Geschicht vu Google am Grand-Duché. Déi néideg Surface war ugangs séier fonnt ginn, um Rouscht, andeems ee verschidde Parzelle regroupéiert huet. Allerdéngs goufen et ustrengend Diskussioune mat verschiddene Proprietären. Méintelaang gouf negociéiert a Google huet ugefaangen, nervös ze ginn. Si hate kee Versteesdemech, dass d‘Prozeduren zu Lëtzebuerg sou laang daueren. Den Etienne Schneider deemools:

“Ech si gudder Déng, dass mer et kuerzfristeg wäerte packen, déi Terrainsproblematik ze léisen. An dann ass et un hinnen, eng Decisioun ze huelen, ob Lëtzebuerg zeréckbehale gëtt fir e Site oder net. […] Mee si wäerten net éiweg op eis waarden.”

September 2017 huet dunn de leschte Co-Proprietär säin Accord ginn: déi 33 Hektar, graff ëmgerechent, 47 Futtball-Terrainen, sti prett.

Den Terrain war eng Konditioun sine qua non. Dat heescht ouni Terrain hätt Google mol net consideréiert, op Lëtzebuerg ze kommen. Ma wéi iwwerall soss, spillen och hei Prozedure mat. D‘Terraine leien an der Gréngzon a mussen ëmklasséiert ginn. Donieft dann d’Etüden iwwert den Ëmweltimpakt.

Annerhalleft Joer huet et gedauert, iert déi Terraine vun der Gemeng ëmklasséiert goufen. Duerno gouf et politesche Sträit. Fazit dovunner: de Jos Schummer demissionéiert aus der CSV an duerno och als Buergermeeschter. Den David Viaggi vum Mouvement “Är Leit” iwwerhëlt d’Rudder am Oktober 2019.

D’Froe ronderëm d’Zukunft vum Projet ginn ëmmer méi haart

Vun 2017-2019 ass net vill op den Terraine geschitt. Et stellt sech d’Fro, wat geschitt, wann de Projet näischt gëtt. Den Etienne Schneider erkläert am Dezember 2019, dass de Staat an dem Fall Terraine kann zeréckkafen:

“Allerdéngs ass awer och sou festgehalen, datt de Präis och dee muss sinn, dee si bezuelt hunn an net dorop nach dierf Spekulatioun gemaach ginn. Mir sinn eis och eens an der Regierung, datt, falls dat doten net de Fall wier, a mir deen Terrain missten zréckkafen, da géing deen Terrain natierlech kënne benotzt gi fir eng Aktivitéitszon.”

Am Januar 2020 kritt d’Gemeng Biissen 170 Reklamatioune géint de PAP. 9 Méint duerno, am Oktober, kritt de PAP gréng Luucht. An et verginn dann nees bal zwee Joer, an deenen zwar viru Geriicht iwwer Google geschwat gëtt, notamment iwwert den “Memorandum of Understanding” mee soss geschitt net vill.

Wärenddeem kritt Google am Dezember 2021 an der Wallonie de rouden Teppech ausgerullt. Do ginn Datenzentre gebaut. Zu Lëtzebuerg gëtt weider kontrovers diskutéiert.

Bis Mäerz 2023 gëtt et kee Liewenszeeche vu Google. Op der Wirtschaftsmissioun a Kalifornien hat de Premier Xavier Bettel awer en Treffe mat der Entreprise. Hei ginn et éischter negativ Nouvellen. De Premier Xavier Bettel deemools:

“Mir hu selbstverständlech iwwert den Datazenter zu Bissen geschwat, dat kann ech iech net verstoppen. Et war e Sujet. Mä de Moment ass den Datazenter, wéinst der geopolitescher Situatioun an och wéinst den Energie-Froen net Prioritéit bei Google.”

Vu Mäerz 2023 bis elo nees Funkstille. Zwee Wirtschaftsministere méi spéit, seet den neien zoustännege Minister Lex Delles leschte Samschdeg bei eis am Background, de Projet Datenzenter Google wier net dout. Zënter Ufank vum Joer géife rëm intensiv Gespréicher lafen.

Den Historique mat allen Detailer zum Dossier:

https://www.rtl.lu/news/national/a/2183529.html

Biissen: Déi onendlech Geschicht vum Google-Datenzenter am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO