Déi kritt och 500.000 Dollar fir Seminairen iwwer d’Cybersécherheet.
Wéi vill Leit do wäerte schaffen, do wollt Google um Donneschdeg de Mëtteg bei der Presentatioun an der Philharmonie näischt soen a schwätzt just vun enger “duerchschnëttlecher” Gréisst.
Wéi et mam Datazenter zu Biissen ausgesäit, do gouf et och keng weider Informatiounen. Et hätt een näischt z’annoncéieren, sot den Anthony Cirot, Vizepresident vu Google Cloud. Et wär een awer “ready”, also prett, an hien huet vu “more to come” geschwat.
De Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel, deen och zoustänneg ass fir den Aussenhandel, huet virun zwee Joer als Premier mat Google a Kalifornien verhandelt. Et wär eng éischt Presence am Grand-Duché, iwwer déi ee sech géif freeën, an de Projet Datazenter géif weider lafen. Et kéint een awer eréischt eppes annoncéieren, wann et sécher an definitiv wär. Soss géif een de Projet futti maachen.
4 Regierungsmemberen - virop de Premier Frieden an de Vizpremier Bettel, nieft de Ministere Margue an Delles – waren an der Philharmonie derbäi. D’Digitaliséierungsministesch Stéphanie Obertin war zougeschalt.