Wuermer Gemeng deelt matGottesdéngscht fir den Deputé-Maire Max Hengel ass e Freideg

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch huet d'Gemeng vu Wuermer Informatiounen erausginn, wat d'Begriefnes vum Max Hengel ubelaangt.

Well d’Plaz an der Kierch fir de Gottesdéngscht um 15 Auer begrenzt ass, ass baussent der Kierch eng Touniwwerdroung virgesinn.

Hei d’Schreiwes mat den Detailer

Mass vum M. Max Hengel, Député-maire

D’Begriefnesmass vum Député-maire, M. Max Hengel, ass freides, den 30. August um 15.00 Auer an der Kierch zu Wormer.

Bedeelegung vun der Bevëlkerung

D’Plazen an der Kierch si begrenzt, dofir ass eng Touniwwerdroung vun der Mass virgesinn. D’Iwwerdroung virun der Entrée vun der Kierch erméiglecht et jidderengem un der Zeremonie deelzehuelen.

No der Mass, kënnen d’Leit sech engem Moment vun der Erënnerung un de Max am Wormer Centre Culturel uschléissen an sech an d’Erënnerungsbuch androen. Leit déi hiert Matgefill unhand vu Blumme wëllen ausdrécken, si gebieden, dës donneschdes an d’Kierch zu Wormer liwweren ze loossen.

Navett a Park & Ride

Fir déijéineg déi mam Auto kommen, sti vu 14.00 Auer u Busser zur Verfügung, déi als Navett tëscht dem P&R « Schoulsyndikat Billek Dräibuer », dem P&R « Centre Socio Éducatif de l’État Dräibuer » an der Kierch funktionéieren.
D’Busser fueren onënnerbrach vu 14.00 bis 18.30 Auer. Bis 18.30 Auer hëlt d’Navett d’Leit esouwuel beim Centre Culturel wéi och beim provisoresche Busarrêt op der Héicht vun der Hausnummer 144, Rue Principale zu Wormer erëm mat zeréck bei d’Ausgangspunkten. Mir biede jidderee Gebrauch vun den Navetten ze maachen an ze evitéieren am Duerf ze
parken.

Repercussiounen op de Verkéier

Aus Sécherheetsgrënn gëtt net nëmmen d’« Rue de l’Église » mee och d’« Rue Principale »um Tronçon vun der Grenzbréck bis bei d’Kräizung mat der « Rue du Cimetière » vu 14.00 bis 17.00 Auer fir de Verkéier gespaart. D’Police Grand-Ducale ass present fir de Verkéier ze reegelen an d’Sécherheet ze garantéieren.
All d’RGTR-Busarrête vun der « Rue Principale » gi fir freides, den 30. August op d’Route du Vin verréckelt.

Back to Top
CIM LOGO