
De Wiederexpert Philippe Ernzer vun Meteo Boulaide ass sech sécher, dass béid Evenementer Tornadoe waren.
Duerch déi séier Rotatioun op de Radaren an och duerch Bildmaterial vun Zeie war et fir hie kloer, dass et sech beim Event vum 30. Mee zu Essen bei Miersch em e Tornado handelt.
Och am Fall vum 29. Juni zu Biissen ass hien sech sécher. Analyse hu gewisen, dass de Wand op enger limitéierter Plaz aus verschiddene Richtunge koum. Géigestänn goufen a verschidden Direktioune geblose an d’Gras hat duerno e tornado-typescht Muster opgewisen.
Meteolux seet, d’Evidenz géif an dësem Fall net duer goen, fir de Fall vum 29. Juni kloer kënnen engem Tornado zouzeuerdnen.
An da gëtt et nach eng drëtt Meenung vun der Europäescher Datebank fir Onwieder.
Déi huet déi Zwee um Ufank als Tornadoen definéiert an dunn de Fall vum Juni awer rëm op “Staarke Wand” erofgestuuft.
Dëst kann de Lëtzebuerger Wiederexpert Philippe Ernzer net novollzéien:
“Verschiddener, déi gesinn ëmmer nach d’Méiglechkeet, et wier einfach nëmmen Wand gewiescht, deen aus enger Richtung komm ass. Mee a mengen Aen ass dat alles net sou geschitt, well ech war déi eenzeg Persoun, déi op der Plaz war, déi alles genee ënnersicht huet an eng ganz grouss Analys och geschriwwen huet dozou. Dohier gëtt et do lo esou Meenungsverschiddenheeten.”
De Problem ass, dass d’Phänomen owes spéit geschitt ass, wou et schonn däischter war an een net méi vill erkannt huet. Et huet e sech also eleng op Radarbiller an de Schued verloosse missen.
Trotzdeem wier et wichteg, Statistiken oprecht ze erhalen, fir d’Verhale vum Wieder am Land ze ënnersichen.