D’Reegel vun der Fra an d’Verhütung enttabuiséieren. Dat sinn d’Ziler, déi d’Stad Lëtzebuerg mat hirem Pilotprojet erreeche wëll. Zënter dësem Joer ginn et op den ëffentlechen Toiletten an der Stad Automate mat gratis Hygiènesproduiten a Kondomer. De Bilan no engem hallwe Joer fält gutt aus. Ma kéint een dëse Projet och landeswäit duerchsetzen?
Zënter Januar kritt een op 6 ëffentlechen Toiletten an der Stad gratis Binden, Tamponen a Kondomer. D’Stad Lëtzebuerg weist sech zefridden.
De Maurice Bauer, Schäffe fir d’Chancëgläichheet tëscht Männer a Fraen: “Mir mierken haut 6 Méint dono, dass mer e relativ grousse Succès hunn, mir hu lo bal 6.000 Produite verdeelt. Dat weist, dass ee Besoin do ass. Et ass eng Offer, déi mer wëlle maachen, well mer et wichteg fannen, datt déi Leit, déi ee Besoin hunn, Frae mat den Hygiènesproduiten oder och Männer, déi Kondomer brauchen, dass se da kënnen dee Moment dorop zréckgräifen an dee Moment och wëssen, wou se sou eppes ëffentlech kënne kréien.”
Grad an Zäite vu Krisen a Präisdeierecht wéilt ee sécherstellen, dass déi Leit, déi finanziell Schwieregkeeten hunn, och een Accès op Hygiènesproduiten a Kondomer kënnen hunn.
Um nationalen Niveau sollen d’nächst Joer sämtlech Verhütungsmëttele gratis ginn. Dorënner d’Pëll, d’Spiral, an awer och Agrëffer wéi eng Vasektomie oder eng Sterilisatioun. Och gratis Kondomer solle verstäerkt op verschidden ëffentleche Plaze verdeelt ginn. Ma grad d’Kondomer géingen awer bei de Jonken u Beléiftheet verléieren an doduerch d’Zuel u Geschlechtskrankheeten eropgoen, sou de Planning Familial.
D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert: “Mir hu keng Donnéeën dozou, mer suivéieren natierlech d’Krankheeten, also d’Geschlechtskrankheeten, an dat do sinn Tendenzen, déi ee gesäit, et ass wéi mat allem, et muss een dohannert bleiwen, ech mengen, dat si Campagnen, déi ëmmer nees mussen opgefrëscht ginn, et ass wuel en Trend an et wonnert mech lo net, wann et hei am Land de Fall ass”
Den CSV-Schäffe Maurice Bauer wënscht sech, dass och d’Hygiènesproduiten am ganze Land gratis zougänglech ginn, sou, wéi et jo och zënter Kuerzem a Schottland de Fall ass.
Maurice Bauer: “Ech menge perséinlech, dass et een Debat ass, dee mer mussen national féieren, fir wierklech och ze iwwerleeën, ob mer net sollen op dee Wee goe fir Leit, déi am Besoin sinn, wierklech deen Accès och gratis ze maachen.”
D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert begréisst d’Iddi, fir d’Hygiènesproduite gratis ze verdeelen. En deementspriechend Gesetz wier awer net geplangt.
D’Stad Lëtzebuerg hat an de leschte 6 Méint och an enger Pilotphase gratis Menstruatiounsproduiten an enger Primärschoul an an engem Foyer ugebueden. Och do hätt ee festgestallt, datt déi Offer gutt géing ugeholl ginn. Doropshi wëll de Maurice Bauer dem Schäfferot elo proposéieren, fir dëse Projet an alle Schoulen a Foyeren an der Stad ëmzesetzen.