
Kuerz virum Ufank vun der sougenannter UNO-Biodiversitéitskonferenz COP16 e Méindeg a Kolumbien appelléiert Greenpeace un d’Regierungen weltwäit, fir méi ze maache fir de Schutz vun der Natur.
An den nächsten zwou Woche komme Vertrieder vun de Vereenten Natiounen zu Cali a Kolumbien zesummen, fir iwwert Mesuren ze schwätzen, wéi d’Biodiversitéit erhalen an d’Natur nees retabléiert ka ginn. Greenpeace ënnersträicht, datt de Schutz vun der Natur genee sou wichteg ass wéi de Klimaschutz an déi selwecht Drénglechkeet huet.
Wa mer d’Natur net anstänneg schützen, ënnergruewe mer de Kampf géint d’Klimakris, gëtt d’Martina Holbach vu Greenpeace an engem Communiqué zitéiert. D’Natur zerstéieren, heescht säin Doheem zerstéieren. An awer géife grouss Liewensmëttelkonzerner, Produzente vu Fleesch, d’Holzindustrie an d’Institutiounen, déi des Entreprise finanzéieren, kuerzfristeg Gewënner aus der Zerstéierung vun Ekosystemer maachen. Dat misst ophalen, fuerdert Greenpeace.
Trotz aller Versprieche vun der EU an och Lëtzebuerg, fir d’Aartestierwen ze stoppen. géif nach ëmmer bäi wäitem net genuch gemaach ginn. Greenpeace fuerdert konkret, datt Gesetzer komme missten, fir d’Finanzéierung vun ekologesch schiedleche Betriber z’ënnerbannen an de Finanzsecteur no internationalen Klima- a Biodiversitéitsziler auszeriichten.