Fir méi BiodiversitéitGreenpeace weit zu Mamer den drëtte Mikro-Bësch zu Lëtzebuerg an

RTL Lëtzebuerg
Greenpeace Lëtzebuerg huet e Samschdeg zu Mamer den drëtte Mikro-Bësch vum Grand-Duché ugeplanzt.

No Mäerzeg an Esch, ass et deen drëtte Mikro-Bësch am Grand-Duché. Wéi d’Organisatioun an engem Schreiwes matdeelt, wéilt een op deem Wee nees fir méi Biodiversitéit suergen an déi global Erwiermung op lokalem Niveau bekämpfen.

Zesumme mat der Gemeng Mamer, huet Greenpeace Lëtzebuerg sech als Zil gesat, op enger Fläch vun am Ganzen 300 Metercarré 900 Beem a Straich ze planzen. Den Direkter vun der Organisatioun, Xavier Turquin, hofft, datt dee Projet och aner Gemengen dozou inspiréiert, sech fir eng nohalteg Zukunft z’engagéieren.

Back to Top
CIM LOGO