Fondatioun IdeaGréisser Pensiounsreform no 2030 néideg, sou Denkfabrick

RTL Lëtzebuerg
Dat, wat um Dësch läit, gouf ënnert d‘Lupp geholl. Idea proposéiert Amendementer beim Réajustement, bei der Allocation de fin d‘année an de Studiejoren.
© Pit Everling

Virun allem fënnt d‘Denkfabrik Idea awer, datt d’Situatioun 2030 misst reevaluéiert ginn, en vue vun enger neier Reform.

Laangfristeg kréich den aktuelle Moossname-Pak d’Pensiouns-Problematik op alle Fall net gereegelt. Ënner anerem well progressiv Mesurë feelen, fir den Defizit an de Grëff ze kréien a well d’Changementer exklusiv vun de Schëllere vun deenen ze stäipe sinn, déi elo schaffe ginn oder dat an Zukunft wäerte maachen.

Haaptelement vun der aktueller Reform ass déi graduell Verlängerung vun de Cotisatiounsjoren ëm 8 Méint. Den Effet dovunner wier awer limitéiert, seet Idea. Dofir sollt déi Moossnam och op déi integral Fonction publique erweidert ginn, also och fir Leit gëllen, déi do virun 1999 agestallt goufen.

D’Regierung schléit en Abattement an Héicht vun 9.000€ vir.

Eng Moossnam, mat där d’Leit solle motivéiert ginn, fir méi laang schaffen ze goen, déi awer ënner dem Stréch kee risegen Effet hätt, seet de Muriel Bouchet vun der Fondation Idea, zemools fir Leit mat klengem Salaire.

“Donc quelqu’un qui a un petit revenu ne pourrait pas arbitrer dans le cadre de cette mesure, si vous voulez, ce qui est quand même une forme de discrimination, nous semble -t -il. On aurait préféré combiner avec une sorte peut -être de crédit d’ impôt, enfin vous voyez, ou déduire de façon plus forfaitaire pour toucher un peu tous les revenus.”

D’Héicht vun de Cotisatioune vu 24 op 25,5% hätt zwar kuerzfristeg e positiven Impakt. Allerdéngs géing dëst op d’Kompetitivitéit drécken an hätt och en direkte Käschtepunkt fir de Staat als Konsequenz. Och hei sollten Experten déi genee genee Inzidenz ausrechnen, fënnt Idea.

De Modérateur de réajustement, deen d’Pensioun un d’Evolutioun vun de Real-Léin upasst, sollt net komplett bäibehale ginn, fannen déi Responsabel vun Idea a proposéiere fir bei dësem Korrektiouns-Mechanismus eng Degressivitéit anzeféieren...

”...qu ‘on ait une liaison au salaire réel, des pensions au salaire réel qui soit partielle. Donc elle serait à raison de 75 % de l ‘augmentation des salaires les deux premières années, et puis de la moitié les deux années suivantes, et puis en 2030 à raison d’ un quart de l’évolution, on ne tiendrait plus compte que d’un quart de l’évolution des salaires réels pour ajuster, si vous voulez.”

De selwechte Prinzip kéint bei der Allocation de fin d’année applizéiert ginn, fënnt de Laboratoire d’idées Idea. Déi ausbezuelten Zomm sollt mat der Héicht vum Revenu manner ginn a bei 8.000€ plafonéiert ginn.

Bei de Studiejore soll net e Maximum vun 9 Joer op d’ganz Liewe consideréiert ginn, mä 7 Joer, seet de Thintank. Eminent wichteg wier et op alle Fall, fir d’Situatioun am Joer 2030 ze reexaminéieren, sou Idea.

“Alors, il serait très utile quand même de faire une évaluation d’ensemble en vue d’une possible réforme, enfin d’une réforme qu ‘on souhaite en 2030. Une réforme plus importante, plus globale.”

D’Fondatioun Idea ass eng Denkfabrick, déi viru méi wéi 10 Joer vun der Chambre de Commerce lancéiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO