
Bei der Kontroll hat eng Persoun versicht, sech dovun ze maachen, dat allerdéngs ouni Erfolleg. Se konnt gepëtzt an duerchsicht ginn. Heibäi goufen 10 Gramm Kokain an eng gréisser Geldzomm séchergestallt.
De Parquet vun Dikrech gouf informéiert an eng Enquête gouf an d’Weeër geleet. Heibäi gouf eng Wunneng duerchsicht an dobäi ass nawell bëssen eppes zesummekomm.
Et goufen iwwer 10 Kilo Cannabis séchergestallt, 800 Gramm Kokain, grad ewéi aner Drogen. Dobäi koumen nach eng Waff, Aueren, Drogenutensilien an iwwer 14.000 Euro Boergeld.
De presuméierten Täter gouf verhaft an hat e Mëttwoch scho Rendez-vous virum Untersuchungsriichter, vu wou aus et dunn an Untersuchungshaft gaangen ass.