Aktuell Europadeputéiert am InterviewGréissere Changement bei Zesummesetzung méiglech

Pierre Weimerskirch
Lëtzebuerg huet 6 Europadeputéiert, dat bleift och no de Walen esou. Et kéinten um Enn vum Dag awer aner Politiker direkt an d'Parlament gewielt ginn.
© Andy Brücker

Fir d’CSV sinn den Ament zwou Fraen am EU-Parlament

No 2014 an 2019 ass d’Isabel Wiseler-Lima fir déi 3. Kéier mat an d’Europawale gaangen, bei der leschter Echeance gouf si direkt gewielt. 2019 hat d’Kandidatin aus der Stad knapp 10.000 perséinlech Stëmme méi wéi d’Martine Kemp, déi fir de Christophe Hansen nogeréckelt ass. Et dierft spannend bleiwen, wien um Enn fir d’CSV am Europaparlament sëtzt, an ob et bei den zwee Deputéierte bleift, oder d’CSV et packe kéint, wéi si sech dat virgeholl huet, och en drëtte Sëtz ze kréien.

De Krich an der Ukrain an e méigleche Rietsruck wieren déi gréissten Erausfuerderunge fir déi nächst 5 Joer, esou d’Isabel Wiseler-Lima: “Et ass extrem wichteg, dass mir de Rechtsstaat verdeedegen, d’Fräiheet, eis Aart a Weis wéi mir liewen ze verdeedegen.”
Fir d’Martine Kemp wier et wichteg, dass Europa staark ass, fir gemeinsam d’Defien unzegoen: “Mir si konfrontéiert mat engem Klimawandel, et gi vill Konflikter an der Welt an déi packe mer nëmmen zesummen, wa mer no gemeinsame Léisunge sichen.”

© Domingos Oliveira
© Domingos Oliveira

Aktuelle Vize-President vum Parlament wëll dat bleiwen

De Marc Angel huet et gutt fonnt, dass am Walkampf keng national Politik gemaach gouf. D’EU misst vill grouss Erausfuerderungen ugoen: “Wann ech erëmgewielt ginn, muss ech direkt op Bréissel goen, well ech sinn amgaang, och eng Campagne ze maachen, fir och nees Vize-President vum Europaparlament ze ginn.”
Et misst een awer als éischt kucken, wat d’Lëtzebuerger Wieler elo decidéieren. D’LSAP hat déi lescht 5 Joer mam Marc Angel nëmmen ee Parlamentarier. D’Partei spekuléiert op e méiglechen zweete Sëtz. Mat de fréiere Minister an aktuellen Deputéierte Mars Di Bartolomeo a Franz Fayot, wéi och der Newcomerin Liz Braz, huet de Marc Angel staark Konkurrenz aus der eegener Partei.

Europa am permanente Krise-Modus

Fir de Charles Goerens sinn et déi 10. Europawalen. Et ass quasi sécher, dass hie fir weider 5 Joer zeréckgewielt gëtt, 2019 krut hie bal 100.000 Stëmmen, dovu 75.000 perséinlecher. Fir den DP-Politiker ass Europa an engem permanente Krise-Modus, dofir bréicht et grad elo eng resilient Unioun, déi sech eppes afale léisst, fir d’Problemer ze léisen: “Mir als europäesch Unioun riskéieren, a Sécherheetsfroe ganz eleng do ze stoen. Dann hu mer och nach de Klima. Et ass genuch op der Lee, fir sech net ze langweilen.”
Déi nächst Woch komme schonn d’Fraktiounen am Europaparlament zesummen, fir sech nei ze forméieren, sot de Charles Goerens am RTL-Interview.

© Andy Brücker

Krich als grouss Erausfuerderung

Fir d’Monica Semedo war et den zweeten Europawalkampf. Viru 5 Joer ass si zesumme mam Charles Goerens fir d’DP an d’Parlament gewielt ginn. De Score vun deemools dierft si dëst Joer net erreechen. An et ass och zimmlech onwarscheinlech, dass Fokus e Sëtz kritt.

De Krich op europäeschem Buedem ass fir d’Politikerin vu Fokus eng vun de gréissten Erausfuerderungen, awer och “de Kampf géint de Klimawandel, deen och e Wandel an eiser ganzer Societéit wäert mat sech bréngen, wou mer elo aktiv dru schaffen. An dann natierlech och d’Demokratie ze erhalen an d’Rechter vu jidderengem ze schützen.”

© Pitt Wagener

Konkurrenz aus der eegener Partei

D’Tilly Metz souz déi lescht 5 Joer fir Déi Gréng zu Bréissel a Stroossbuerg. Gäre géif si dat och virumaachen. Virum Walbüro zu Lamadelaine huet si sech ganz optimistesch gewisen, dass Déi Gréng hire Sëtz géife verdeedegen an och si fir weider 5 Joer kéint zeréckgewielt ginn. Déi gréisste Konkurrenz op der grénger Lëscht kënnt vum fréieren Transport- a Verdeedegungsminister François Bausch, deen zanter de leschte Chamberwalen um Krautmaart sëtzt. Géif hien déi meeschte Stëmme kréien, an Déi Gréng ee Sëtz, géif de François Bausch d’Mandat unhuelen. Fir d’Tilly Metz geet et bei dëse Wale virun allem ëm d’Inhalter: “Dat Wichtegst ass, dass mer eng staark gréng Stëmm an Europa hunn.”

© Pierre Weimerskirch

Deemno kann et sinn, dass an den nächste 5 Joer vill nei Gesiichter Lëtzebuerg zu Bréissel a Stroossbuerg vertrieden. Déi komplett Interviewe mat de Kandidate kann een an eisem Liveticker nolauschteren.

Back to Top
CIM LOGO