Feier an enger ResidenzGréisseren Asaz an der Uelzechtstrooss zu Esch

RTL Lëtzebuerg
Zu Esch an der Uelzechtstrooss huet et e Méindeg am Nomëtteg an enger Residenz vun dräi Etagë gebrannt.
© Domingos Oliveira / RTL

Am éischte Stack vum Gebai an der Foussgängerzon hat eng elektresch Maschinn Feier gefaangen. Wéi de CGDIS spéider präziséiert, soll et eng Wäschmaschinn gewiescht sinn.

De Brand ass Stand 16 Auer geläscht, d’Gebai gëtt awer nach gelëft, wéi de CGDIS op Nofro vun RTL sot. Wärend dem Asaz war d’Strooss zäitweis och fir d’Foussgänger gespaart.

Am Asaz ware souwuel d’Rettungsservicer vun Esch an Diddeleng, souwéi d’Pompjeeë vun Suessem-Déifferdeng a Keel.

Back to Top
CIM LOGO