Verdächtege Pak a ShoppingzenterGréisseren Dispositif vu CGDIS a Police gouf op de Kierchbierg geruff

RTL Lëtzebuerg
An der Géigend vum Supermarché um Kierchbierg, direkt nieft der Luxexpo, koum et um Donneschdeg de Mëtteg zu engem gréisseren Asaz vu Police a CGDIS.
© Pierre Weimerskirch

Et war e verdächtege Pak am Shoppingzenter gemellt ginn.

Kuerz viru 16 Auer huet de CGDIS awer Entwarnung ginn.

Duerch den Asaz war et am Beräich ronderëm de Supermarché an de Kino zu Perturbatiounen am Trafic komm, déi sech duerno lues awer sécher nees opgeléist hunn.

Back to Top
CIM LOGO