16 nei Petitiounen onlineGréisst vu Schoulklasse limitéieren a Lued-Käschte fir E-Autoen erofsetzen

RTL Lëtzebuerg
16 nei Petitiounen si vun e Freideg un um Chambersite online.D’Proposen a Fuerderunge sinn nees ganz verschidden.

D’Gréisst vun de Schoulklasse soll op 24 Schüler limitéiert ginn. D’Käschte fir en elektreschen Auto ze luede sollen erof gesat ginn, a wien net schaffe geet, dierft net vun de Chèques-Service profitéieren.

All 10 Joer soll een iwwerdeems mussen eng praktesch Formatioun maachen, fir de Fürerschäin ze behalen, a Kondomer an Hygiènesproduite fir d’Reegel solle gratis zougänglech sinn. Zwou aner Petitioune fuerderen, datt Nuetsvolle verbuede ginn an datt een an engem Hotel oder Camping säi Wunnsëtz soll kënnen umellen.

Nach si 4.500 Ënnerschrëften néideg, fir datt ëffentlech an der Chamber iwwert de Sujet debattéiert gëtt.

All d’Petitiounen am Iwwerbléck fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO