CGDIS huet mussen agräifenGrillparty vu Jonken zu Eech huet zu engem Brand gefouert

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend hunn d'Stater Pompjeeë mussen an der Rue Eecherschmelz an den Asaz, nodeems hei e Grillowend vu Jonken net wéi geplangt verlaf ass.

An engem Parc wier hei e Feier ausgebrach, ass am Bulletin vum CGDIS ze liesen, blesséiert gouf awer keen.

Weider Accidenter

De CGDIS mellt 3 Blesséierter bei Accidenter op der A13, zu Iechternacherbréck an um Kierchbierg. Geschitt sinn dës tëscht 17.13 an 18.17 Auer. Op der A13 a Richtung Schengen war en Automobilist an e Bam gerannt.

Zu Iechternacherbréck sinn e Motorrad an en Auto anenee gerannt.

Um Kierchbierg war et eng Kollisioun tëscht 2 Autoen.

Zu Zolwer ass um Dënschdeg de Moien e Motocyclist gefall a gouf blesséiert. An an der Fiels sinn zwee Autoen net laanschtenee komm. Hei ass et beim Materialschued bliwwen.

Back to Top
CIM LOGO