
Dat äntweren d'Ministere Gramegna a Bofferding op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Mosar a Spautz. D’Ministeren erklären: Fir datt d'Valeur vu Parzellen an Terrainen ka bestëmmt ginn, mussen d'Gemengen d'Prozedure vun den neien allgemenge Bebauungspläng, de PAG'en, ofgeschloss hunn. Bei 45 Gemengen ass dat nach ëmmer net de Fall.
De Pierre Gramegna hat am Mee hei op RTL awer nach gesot, datt een elo all d'Donnéeën a Material hätt, mä déi 3 Regierungsparteie misste sech nach iwwert den Taux eens ginn. Dat eenzegt, wat sécher wier, wier datt den Haaptsëtz, wou ee wunnt, "préférentiell traitéiert" wäert ginn.