24 Verstéiss constatéiertGrouss Camionskontroll op der A1

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Lëtzebuerger Police zesumme mat de Kolleegen aus Rheinland-Pfalz eng grouss Camionskontroll op der A1 duerchgefouert.
© Police

De Fokus vun de Kontrollen, déi op der Aire de Wasserbillig gemaach goufen, louch um Schwéiertransport. Nieft de Pabeiere goufen den techneschen Zoustand vun de Gefierer an d’Rouzäite vun de Fuerer kontrolléiert.

Bei de 35 kontrolléierte Camionen, goufen am Ganze 24 Verstéiss festgestallt. 12 Chaufferen hate sech net un hir Rouzäite gehalen, 4 hunn hir Charge mussen nei sécheren, ier se duerfte weiderfueren an een huet nach op der Plaz musse seng Pneue wiesselen. Véier Gefierer, bei deenen eng speziell Autorisatioun gefeelt huet, goufen immobiliséiert. Weider heescht et dann am Schreiwes vun der Police, dass wéinst diverse Verstéiss géint d’Virschrëften 3 weider Verwarnunge geschriwwe goufen.

Back to Top
CIM LOGO