12 Beamten am AsazGrouss Policekontroll am ëffentlechen Transport, Droge fonnt, Mann festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Virun enger Woch huet d'Police an der Stad vu 14.30 bis 18 Auer eng grouss Kontroll mat engem Fokus op den ëffentlechen Transport gemaach.

Eng 20 Persoune goufe kontrolléiert. Bei e puer kontrolléierte Leit gouf Cannabis fonnt.

D’Beamten hu wärend der Kontroll e suspekt Schlécke bei engem Mann bemierkt. Wéinst dem Verdacht, datt hien Drogen ofgeschléckt hätt, koum de Mann am Spidol an de Scanner. Et goufen eng Rei Friemkierper entdeckt. Hie gouf festgeholl.

Et waren 12 Polizisten am Asaz, ënnerstëtzt vun zwee Police-Hënn.

Back to Top
CIM LOGO