
Eng ronn 2 Millioune Visiteuren huet et dëst Joer op d‘Schueberfouer gezunn. E Mëttwoch war de leschten Dag vum gréissten an traditionellste Volleksfest zu Lëtzebuerg.
Mat engem grousse Freedefeier ass d’Fouer 2024 e Mëttwoch den Owend op en Enn gaangen.
D‘Schueberfouer war, wann een d’Foraine freet, bis op déi lescht Deeg mat bëssi méi schlechtem Wieder e volle Succès. Fir si waren et däitlech méi ustrengend Deeg wéi fir d‘Visiteuren. Nodeems ee bei der Ouverture nach voller Energie a Virfreed war, fänkt een elo bei de Forainen a Mataarbechter un, e bësse Midd ze ginn, ma et ass een awer erliichtert, dass alles gutt geklappt huet, esou de Charles Hary President vun der Federatioun vun de Forainen.
“Dat eenzegt wat mir eeben haten, de Forain ass einfach immens ofhängeg vum Wieder an do hate mir dëst Joer einfach bëssi duerchwuess. Am Ufank war et waarm, duerno ass et kal ginn, et huet och puermol gereent. Bon voilà, dat ass esou, ech mengen do muss een domadder liewen.”

216 Spiller a Bude waren um Glacis, ma vir vill erwuesse Fouerfrënn läit de Fokus kloer bei Iessen, Gedrénks an der gudder Atmosphär. Fir si ass d‘Fouer elo eriwwer, ma fir déi Responsabel awer net wierklech. Fir si heescht et „No der Fouer ass virun der Fouer“.
„Bei eis geet et natierlech viru mat der Planung. Ech menge mir sinn elo konkret an de Chrëschtmäert mat plangen, mee mir wäerten och dann elo d‘Fouer d’nächst Joer ugoen, fir déi ze plangen, do kënnen d‘Foraine sech nach melle bis Enn dës Mounts a wa mir do all d‘Demanden hunn, da maache mir och do den Tri an da ginn och do d‘Forainen ausgewielt an d‘Pläng gezeechent fir d‘nächst Joer.”, sou de Fouermeeschter Laurent Schwaller.
Nom Freedefeier e Mëttwoch den Owend hu schonn e puer Forainen ugefaangen, hir Manègen respektvi Buden ofzeriichten. Vun en Dënschdeg (17.9.24) u wäert de Glacis da geraumt sinn a keng Kiermes, mee nees de groe Parking sinn.