Vill Organisatiounen, Parteien, Gewerkschaften an och Privatpersoune waren dem Opruff nokomm a sinn, majoritär a mof gekleet, bis op de Knuedler getrëppelt.
Um Wee gouf ëmmer nees zu Solidaritéit mat de Fraen op der ganzer Welt opgeruff. Op de Schëlder, di d’Manifestante gedroen hunn, waren awer och Messagen ze liese wéi “Diversité, Egalité, Unité” oder “My Body, my choice” oder nach “All Meedchen ass esou staark wéi d’Pippi Langstrumpf”.
Déi dausende Leit hu sech um Enn virun der Stater Gemeng versammelt, wou an zwou Rieden nach emol op de Sënn an Zweck vum Fraemarsch agaange gouf.
D’Organisateure vun der Plattform JIF wëlle grad elo an Zäiten, wou antifeministesch Beweegungen, Faschismus, sozial Ongläichheeten a geschlechtsspezifesch Gewalt zouhuelen, hir Revendicatiounen no baussen droen a sech Gehéier verschafen.